Haut ass Weltëmweltdag

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Haut, de 5. Juni ass den internationalen Ëmweltdag vun de Vereenegten Natiounen. De Weltëmweltdag gouf am Joer 1972 gegrënnt, am Kader vum Weltëmweltgipfel vun der UNO, der Stockholmer Konferenz fir de Schutz vun der Ëmwelt, bei där eng Rei Ëmweltschutzprogrammer entstane sinn. Mëttlerweil gëtt en an iwwer 150 Länner gefeiert. D’Land an deem e stattfënnt wiesselt all Joer, dëst Joer ass et Aserbaidjan.

All Joer gëtt et och e spezifesche Motto, dëst Joer ass et “NowForClimate” also “Elo fir d’Klima”. Well d’Léisunge fir d’Klimakris si jo scho längst bekannt, elo ass et also endlech un der Zäit eppes ze maachen. An och zu Lëtzebuerg spiert ee schonn d'Follge vum Klimawandel: et gëtt ëmmer méi laang dréchen, et ginn ëmmer méi Iwwerschwemmungen an eis Wantere ginn ëmmer méi waarm.

De Weltëmweltdag setzt säi Fokus op de Klimawandel, mee deen Dag soll awer och do sinn, fir de Leit de Courage ze ginn. Well jiddweree kann eppes fir eise Planéit maachen. Trotz deene schlechten Noriichten, déi een ëmmer nees matkritt, wëllt d'UNO engem Hoffnung ginn: et gëtt ëmmer méi an nohalteg Energie investéiert, Stied ginn nei entworf, fir méi agreabel fir d'Awunner:innen ze ginn an et ginn ëmmer méi Beem geplanzt. D'UNO wëllt optimistesch sinn a visibel maachen, datt d'Léisunge fir d'Klimakris lues, awer sécher op der ganzer Welt applizéiert ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Zäitgenëssesch Musek iwwer de Kampf tëschent Luucht an Donkelheet

Zäitgenëssesch Musek iwwer de Kampf tëschent Luucht an Donkelheet

De lettesche Komponist Pēteris Vasks feiert haut säin 80. Gebuertsdag.
headphones

9 min

play_arrow
Virun 200 Joer - Filz beim Piano kënnt an den Asaz | © Pexels

Virun 200 Joer - Filz beim Piano kënnt an den Asaz

De Johann Heinrich Pape verännert mat enger Iddi virun 200 Joer de Klang vun de Pianoen.
headphones

2 min

play_arrow
Händel, Lanner a Boulanger - gestuerwen op engem 14. Abrëll | © Pixabay

Händel, Lanner a Boulanger - gestuerwen op engem 14. Abrëll

Dräi Joerhonnerten, dräi Epochen an dräi grouss Nimm aus der Museksgeschicht: de Georg Friedrich Händel, Josef Lanner an Ernest Boulanger. Ee Réckbléck op d'Wierken
headphones

4 min

play_arrow
150 Joer Bayreuther Festspiller | © Pixabay

150 Joer Bayreuther Festspiller

D'Bayreuther Festspiller gehéieren zu deene prestigiéiste vun der Welt. Dëst Joer feiere si 150. Jubiläum an dat mat enger Première.
headphones

3 min

play_arrow
ONJ in Concert - live um Opus | © Max Mausen

ONJ in Concert - live um Opus

Erlieft de Fréijoersconcert vum Orchestre National des Jeunes du Luxembourg dëse Samschdeg um 20 Auer live um Opus!
headphones

9 min

play_arrow
Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra | © Clara Evens

Lëtzebuerger Debut mam Royal Philharmonic Orchestra

Den Cellist Benjamin Kruithof huet säin éischte solistesche Concert an England mam Cellosconcerto vum Elgar gefeiert.
headphones

3 min

play_arrow
Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles | © Peter Rigaud

Anna Handler nei Dirigentin in Residence zu Los Angeles

Vun der Saison 26/27 u wäert déi däitsch Dirigentin Anna Handler fir déi nächst 3 Joer de Programm vum Los Angeles Philharmonic matgestalten an dirigéieren.
headphones

2 min

play_arrow
Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt | © pressphotos/ Kansas City Symohony

Kansas City - Dräimol esou grousst Concertshaus geplangt

De Kansas City Symphony Orchestra soll een neit Doheem plange mat bis zu 4.600 Plazen.
headphones

1 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage.
Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

Lëtzebuerger Chouer Nordvox gewënnt bei engem Concours an Italien

De Lëtzebuerger Chouer Nordvox vum Conservatoire du Nord gewënnt an der Kategorie A1 fir gemëschte Chouer beim Concorso Corale Internazionale zu Riva del Garda an Italien.
headphones

2 min

play_arrow
Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck) | © wikicommons

Chopin: "Snowfall Nocturne" entdeckt (Abrëllsgeck)

Entstanen ass d'Wierk am Wanter 1838/39, wärend sengem Openthalt op Mallorca.
headphones

9 min

play_arrow
Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken | © Visit Luxembourg

Am Musée Rural zu Bënzelt kann een d'Liewe vu fréier endecken

D'Carole Schimmer war dëse Weekend bei enger Visitt dobäi.
Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren! | © AP Photo/Peter Dejong

Am Concertssall fir d'Prüfunge léieren!

Am Amsterdamer Concertgebouw kënne Studenten elo wärend Live-Concerte fir Prüfunge léieren. Egal ob mat Kaffi, Laptop oder Blat a Bläistëft
headphones

3 min

play_arrow
Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser | © SF/Neumayr/Leo

Salzburger Festspiller trennen sech vum Intendant Markus Hinterhäuser

Wéi een déi lescht Woche scho liese konnt, goufen et wuel ëmmer méi Onstëmmegkeeten, Diskussiounen a souguer Streidereien tëscht dem Markus Hinterhäuser an de Festspiller.
headphones

2 min

play_arrow
Premio Soberano fir d'Stephany Ortega | © El Democrata, Zäitschrëft aus der Dominikanescher Republik

Premio Soberano fir d'Stephany Ortega

An der Dominikanescher Republik ausgezeechent als bescht "Lyresch Sängerin 2026"
headphones

2 min

play_arrow
Prominent Ënnerstëtzung fir den Andris Nelsons an de BSO | © Chris Lee

Prominent Ënnerstëtzung fir den Andris Nelsons an de BSO

Net nëmmen de Bostoner Publikum, mee och d'Berliner Philharmoniker reagéieren op den Alleingang vum Conseil d'Administration vum Boston Symphony Orchestra
headphones

4 min

play_arrow
Avantgardist mat Virléift fir Vollekstéin aus Osteuropa | © bozar.be

Avantgardist mat Virléift fir Vollekstéin aus Osteuropa

Haut um 22. Mäerz 2026 ass dem Béla Bartók säin 145. Gebuertsdag.
headphones

5 min

play_arrow
Museksschoul Cavem faillite | © Pixbay/Joanjo Castello

Museksschoul Cavem faillite

Den Direkter gëtt zënter 10 Deeg vermësst
headphones

1 min

play_arrow
Happy Birthday

Happy Birthday

Direkt dräi Komponist:innen hunn haut Gebuertsdag
headphones

6 min

play_arrow
De Saxofon feiert Gebuertsdag

De Saxofon feiert Gebuertsdag

En Instrument mat engem richtegen Gebuertdatum
headphones

3 min

play_arrow