Haut ass Weltëmweltdag

headphones

2 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Haut, de 5. Juni ass den internationalen Ëmweltdag vun de Vereenegten Natiounen. De Weltëmweltdag gouf am Joer 1972 gegrënnt, am Kader vum Weltëmweltgipfel vun der UNO, der Stockholmer Konferenz fir de Schutz vun der Ëmwelt, bei där eng Rei Ëmweltschutzprogrammer entstane sinn. Mëttlerweil gëtt en an iwwer 150 Länner gefeiert. D’Land an deem e stattfënnt wiesselt all Joer, dëst Joer ass et Aserbaidjan.

All Joer gëtt et och e spezifesche Motto, dëst Joer ass et “NowForClimate” also “Elo fir d’Klima”. Well d’Léisunge fir d’Klimakris si jo scho längst bekannt, elo ass et also endlech un der Zäit eppes ze maachen. An och zu Lëtzebuerg spiert ee schonn d'Follge vum Klimawandel: et gëtt ëmmer méi laang dréchen, et ginn ëmmer méi Iwwerschwemmungen an eis Wantere ginn ëmmer méi waarm.

De Weltëmweltdag setzt säi Fokus op de Klimawandel, mee deen Dag soll awer och do sinn, fir de Leit de Courage ze ginn. Well jiddweree kann eppes fir eise Planéit maachen. Trotz deene schlechten Noriichten, déi een ëmmer nees matkritt, wëllt d'UNO engem Hoffnung ginn: et gëtt ëmmer méi an nohalteg Energie investéiert, Stied ginn nei entworf, fir méi agreabel fir d'Awunner:innen ze ginn an et ginn ëmmer méi Beem geplanzt. D'UNO wëllt optimistesch sinn a visibel maachen, datt d'Léisunge fir d'Klimakris lues, awer sécher op der ganzer Welt applizéiert ginn.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

143. Gebuertsdag vum Karol Szymanowski | © Bild: George Grantham Bain Collection / Library of Congress / Washington DC

143. Gebuertsdag vum Karol Szymanowski

A sengem Liewe mécht de polnesche Komponist Karol Szymanowski praktesch alles eemol mat.
headphones

5 min

play_arrow
Éischt portugisesch Militärmusekerin | © Anouk Antony

Éischt portugisesch Militärmusekerin

Mat der Magaly da Silva Ferreira huet d'Militärmusek déi éischt portugisesch Musekerin.
headphones

2 min

play_arrow
Deutscher Verlagspreis 2025 | © Pixabay

Deutscher Verlagspreis 2025

Free Jazz, Improvisatioun an Nei Musek séchere sech den Däitsche Verlagspräis 2025 mam Wolke-Verlag. Den däitsche Verlag verëffentlecht an dëse Genrë reegelméisseg Bicher.
headphones

1 min

play_arrow
Happy Birthday Paul Dukas! | © National Library of France

Happy Birthday Paul Dukas!

Mir feieren haut dem Paul Dukas säin 160. Gebuertsdag. Ee weltbekannte Komponist, deen nëmmen eng Dose Wierker geschriwwen huet.
headphones

2 min

play_arrow
Neientdeckungen a bekannt Gesiichter | © Pixabay

Neientdeckungen a bekannt Gesiichter

Zënter 1993 geet d'Fachzäitschrëft Opernwelt op d'Sich no deene beschten Acteure vum Joer. 2025 mat deels neien, mee och bekannte Gesiichter.
headphones

3 min

play_arrow
Gustav Holst - "Die Planeten" | © Pixabay

Gustav Holst - "Die Planeten"

Haut op den Dag viru genee 107 Joer gëtt dem Gustav Holst seng Orchestersuite "Die Planeten" uropgeféiert.
headphones

3 min

play_arrow
Automatesch Sproocherkennung op Lëtzebuergesch

Automatesch Sproocherkennung op Lëtzebuergesch

Mat Hëllef vun der Online-Software LuxASR kann ee lëtzebuergesch Audio- a Videodateien ganz einfach online transkribéiere loossen.
headphones

5 min

play_arrow
Nei Saison an de Lëtzebuerger Theateren | © Foto: Radio 100,7

Nei Saison an de Lëtzebuerger Theateren

Och fir d'Lëtzebuerger Theateren ass déi nei Saison lancéiert. Ënner dem Motto "Memoire an Heritage".
headphones

5 min

play_arrow
80. Gebuertsdag vum John Rutter | © www.johnrutter.com/press-resources

80. Gebuertsdag vum John Rutter

Ob Chrëschtdagslidder oder Kierchemusek: Et kënnt een net laanscht d'Kompositiounen oder Arrangementer vum John Rutter. De Museker a Komponist feiert haut säin 80. Gebuertsdag.
headphones

2 min

play_arrow
Concert ënnerbrach wéinst Anti-Israel Protester | © Guido Pijper

Concert ënnerbrach wéinst Anti-Israel Protester

Bei engem Concert zu Wien huet den Dirigent Lahav Shani e Concert wéinst Protester missen ënnerbriechen.
headphones

1 min

play_arrow
Haut wier de Pierre Nimax Sr. 95 Joer al ginn | © Foto: 100,7

Haut wier de Pierre Nimax Sr. 95 Joer al ginn

Haut op den Dag genee wier de Pierre Nimax Senior 95 Joer al ginn.
headphones

2 min

play_arrow
Concerten um opus | © Pixabay

Concerten um opus

Och déi nächst Deeg bidde mir Iech eng Rei u flotte Concerten un.
headphones

4 min

play_arrow
Klassesch Musek am Kino erliewen | © Foto: Pixabay

Klassesch Musek am Kino erliewen

D’Fans vum Kino kommen den Ament voll op hir Käschten - an elo och d’Fans vu klassescher Musek.
headphones

2 min

play_arrow
Songyeon Im op der éischter Plaz | © Foto: Vera Bintener

Songyeon Im op der éischter Plaz

Déi jonk Organistin Im gewënnt déi 10. Editioun vum Internationalen Diddelenger Uergelconcours.
headphones

2 min

play_arrow
25. Doudesdag vum David Schallon | © Teichmann (Quell:www.davidschallon.com)

25. Doudesdag vum David Schallon

Den David Schallon war vun 1997 bis 2000 Chefdirigent vun de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

2 min

play_arrow
D'Loft ass raus | © Seraina Wirz / Lucerne Festival_Anish Kapoor

D'Loft ass raus

No 35 Concerten ass den opblosbare Concertssall zu Luzern elo platt.
headphones

2 min

play_arrow