De Sir Edward Elgar gouf den 2. Juni 1857 gebuer, hien hat eng ganz besonnesch Plaz an der englescher Museksgeschicht. Hie war nämlech deen éischte brittesche Komponist, deen en internationalen Erfolleg gefeiert huet nom Henry Purcell.
Haut ass hie virun allem fir seng Orchesterwierker voller Glanz bekannt, wéi zum Beispill seng mysteriéis “Enigma-Variatiounen”. Seng bekannteste Kompositioun bleift awer “Pomp and Circumstances”. Virun allem de Mëtteldeel “Land of Hope and Glory” gëllt als inoffiziell England-Hymn.
Mee den Elgar huet och ganz vill Vokalkompositioune produzéiert: hien huet eng Rei monumental geeschtlech Kompositioune produzéiert, wéi zum Beispill “The Kindgom” oder och “The Dream of Gerontius”, déi zu sengem internationale Succès bäigedroen hunn.
Fun Fact: Den Elgar war faszinéiert vun der Wëssenschaft an der Technologie a war Amateurchemiker. Hien huet esouguer säin eegene Labo doheem gebaut an huet e Gerät entwéckelt fir Schwiefelwaasserstoff hierzestellen.