100 Prozent Musek vum Bach. Net iergendeng, mee seng weltbekannte “Goldberg-Variatiounen”. Déi presentéiert den Triofenix op sengem neisten Album. Normalerweis héiert een dëst Wierk nëmmen op engem eenzege Piano an hei sinn et einfach direkt dräi Instrumenter gläichzäiteg. D’”Goldberg-Variatioune” ginn andauernd erëm nei entdeckt an nei interpretéiert, an dem Triofenix geléngt et hei och, eng nei Versioun ze kreéieren, déi authentesch Bach ass, an awer trotzdeem neie Wand an dat Ganzt bréngt.
Bach-Power héich dräi
Episoden
Bach in Italy
De neien Album vum Ensembel Gli Incogniti ënner der Leedung vun der Geiistin Amandine Beyer exploréiert dem J.S. Bach seng Faszinatioun fir déi italienesch Musek
Arirang - En Album dee Mënschen zesummebréngt
De jonke koreanesch-kanadeschen Cellist Daniel Hamin Go huet elo säin Debut Album erausbruecht. Net eleng, mee zesumme mat villen anere Museker:innen, zemools vun Toronto a Kanada.
Rupert's Tear
Wat huet d’Konscht vun der Glasbléiserei mat Musek ze doen?
Den Zitrounebam um Feld
Deen neien Album vum Karski Quartett mat Musek vun der polnescher Komponistin Grażyna Bacewicz
For Piano ... Or not?
Authentesch, zäitlos a voller Emotioun
Mat La Rêveuse an d'Vergaangenheet
Den neien Album vum Ensembel La Rêveuse mat Musek an Instrumenter aus dem London vun de 1760er Joren.
- 1
- 2