De Jubiläum vun dësem Sonnden:
Den Elgar huet insgesamt 5 Militärmärsch geschriwwen, déi alleguerten den Titel “Pomp and Circumstance” hunn. Déi Märsch sinn all ënner dem Opus 39 ze fannen, och wa se am Zäitraum tëschent 1901 an 1930 komponéiert goufen. Dee 5. Marsch gouf den 20. September 1930, also haut virun exakt 96 Joer uropgeféiert, an der Queen's Hall zu London.
D'Häerzstéck vun dëser Woch:
Mat "City Life" gräift de Steve Reich historesch Momenter op. Hie leeft mat sengem Mikro duerch New York, hëlt Sireenen, Stroossegeräischer, Stëmmen an original Funkgespréicher vun engem éischten Attentat op de World Trade Center als Ausgangsiddi. Mir lauschtere bis eran.