Editioun 07:15

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Ëm den Noen Oste geet et haut an direkt zwee Zeitungsleitartikelen: “Nichts zu befürchten”, esou huet de Guy Kemp säin Editorial am Tageblatt iwwerschriwwen. Ouni Drock vu bausse wäert den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu säi Krich an der Gazasträif net op een Enn bréngen. Déi zweet Zeitung, där hiren Editorial sech mam Noen Oste beschäftegt, ass haut d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Do fuerdert den Uli Brockmeyer “Sanktionen gegen Israel jetzt!”

Iwwer ee “Parlament ohne Selbstbewusssein” schreift de Laurent Schmit an engem Kommentar bei Reporter.lu: D’Regierung géif d’Chamber mëssuechten. Een Ëmdenke wier néideg, soss géif et een irreparabele Schued fir d’Demokratie ginn, heescht et an dësem Meenungsbäitrag bei Reporter.lu.

“Sportberichterstattung wird weiblicher”, dat kënnegt de Bob Hemmen am Leitartikel am Lëtzebuerger Wort un. Hie stellt fest, datt Medie matbestëmmen, wie gefërdert, gesponsert an als Virbild wouergeholl gëtt.

An am Lëtzebuerger Wort fënnt een haut ee weidere Sportsujet, déi Kéier op de Lokalsäiten. Do gëtt ee gewuer, datt Miersch een neie Sportkomplex plangt ... fir 155 Milliounen Euro!

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun 08:15

D‘Gemeng Déifferdeng ass an d‘Bedrugs-Fal getrëppelt, heescht et de Moien am Tageblatt.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Jean Asselborn am Wort: „Ech gouf immens rosen, wéi ech dee Facebook-Kommentar gesinn hunn“
headphones

7 min

play_arrow

Editioun 08:15

Liewen an engem Tiny House, wéi een e Student bei sech kann ophuelen an Dauerproblem Stäreplaz: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Schwiereg Situatioun an de Prisongen, Never ending Story Stäreplaz an Erniichterung fir d'Roud Léiwen: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

D'Chambre de commerce fuerdert urgent Reformen, Muselgemenge fuerderen en Tram an den Osten an et soll eng nei Etude iwwert d'Iessgewunnechte vun de Lëtzebuerger gemaach ginn
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Et gëtt Kritik um Poopst Leo senger Ried zu Metz: et wier einfach Europa ze kritiséieren, net genuch fir de Fridden ze maache wann ee selwer keng politesch Verantwortung hätt
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Déi fréier Cité de l'aéroport gëtt ganz ofgerappt, eng Lëtzebuerger Judoka beschëllegt den Dr. Romain Seil an op Google Maps kann ee Plaze fannen, wou en Droge ka kafen
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Ob een dem Premier wärend senger Ried däerf an d'Wuert falen, ob d'Stad net awer d'Gantebeensmillen misst opkafen a wéi de CGDIS fir d'Zukunft misst opgestallt ginn, sinn Theemen
headphones

4 min

play_arrow

Presserevue

Mat ë.a. lokalpolitesche Sujeten zu Esch a Schëtter a Froen zum Multilateralismus
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng suboptimal Krisekommunikatioun, eng Meco-Presidentin, där de Kollie platzt an de Kampf géint illegaalt Glécksspill: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Schlecht Krisekommunikatioun an e schwaachen Logementssecteur, dat sinn eis Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Den Ausbau vun der Nordstrooss, nach méi Dronegeschichten a Kritik un der Justiz-Berichterstattung: Dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Scho rëm Dronen, Problemer am Gesondheetssecteur an eng Fro vun Zivilcourage: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Scho rëm Dronen, Problemer am Gesondheetssecteur an eng Fro vun Zivilcourage: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Wéi verbreet sinn Drogen an de Lëtzebuerger Schoulen? Där Fro geet d'Tageblatt haut no a kënnt zum Fazit, datt dee Probleem ënnerschat an deels ignoréiert gëtt
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Dronen, déi um Findel fir Chaos gesuergt hunn, sinn e grousst Theema an den Zeitungen, Experte soen, datt se zu Lëtzebuerg gestart gi wieren an en Test kéinte gewiescht sinn
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Dausende Wunnenge stinn uechtert d'Land eidel, dat huet d'Wort no enger grousser Recherche erausfonnt, an den Untersuchungsprisong zu Suessem ass schonn iwwerbeluecht
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Zeitunge kritiséieren, wéi d'Regierung mat den Drone-Virfäll um Findel ëmgaangen ass a wéi se kommunikéiert huet, Fazit: Lëtzebuerg ass onpreparéiert bei Dronenofwier
headphones

4 min

play_arrow

De Bléck an d'Zeitungen

Dronen am Lëtzebuerger Himmel: d'Presse kritiséiert d'Regierung fir eng weider schlecht Krisekommunikatioun
headphones

5 min

play_arrow