1. D‘Gaspräiser zu Lëtzebuerg wäerten d‘nächst Joer nees klammen. Dat sot de CEO vun Enovos, Erik von Scholz, de Moien als Invité vum Dag op eiser Antenn.
2. Déi däitsch Police huet zwee bulgaresch Staatsbierger festgeholl, dat wéinst engem Attentatsversuch hënt op eng Rëschtungsfirma zu München.
3. D’Weltwiederorganisatioun warnt virun engem aussergewéinlech staarken El Niño mat regionalen Hëtzwellen an extremer Drëchent
4. Russland mécht de Goethe Institut zu Moskau zou. Dat huet de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow beim Wirtschaftsforum zu Wladiwostok konfirméiert.