1. Entscheedenden Dag an der Belsch am Kampf géint de Bëschbrand am Héije Venn – d‘Pompjeë wieren drop an drun fir de Brand anzekreesen. Den Damp ass scho bis op Köln gezunn – och hei am Land ass d‘Loft nach e bësse belaascht.
2. Iwwer 430 eeler Leit hunn dëst Joer vum plan canicule profitéiert – dat sinn der méi wéi duebel esou vill, wéi an de leschten zwee Joer.
3. Nieft der Dokteschassociatioun huet och d‘Federatioun vun de Laboratoiren hir Konventioun mat der CNS gekënnegt.
4. D‘US-Televisiounschaîne ABC verklot d‘Trump-Regierung an de Medie-Regulateur FCC wéinst Verstouss géint d‘Meenungsfräiheet.