1. An de leschte Wochen a Méint wär do nämlech relativ vill geschitt, fir besser mat den héijen Temperaturen ëmzegoen. Ob et awer iwwerall klimatiséiert Raim fir z.B. Aktivitéite gëtt, ass net gewosst.
2. Am franséischen Département Gironde schéngen d’Bëschfeieren stabiliséiert ze sinn. Allerdings gëtt haut weider Hëtzt an der Géigend erwaart, mat och Wand, deen d’Feieren nees kéint opflame loossen.
3. D'Situatioun am Mëttleren Osten ass nees ugespaant. Pro-iranesch Milizen hu Rakéiten op amerikanesch a saudi-arabesch Positioune geschoss an déi du ripostéiert.