1. De Ministerrot huet gëschter eng ganz Rëtsch Gesetzesprojeten ugeholl. Esou z. B. deen iwwer d’Weiderféiere vun der Bedeelegung vum Staat un engem Deel vun de Stroumnetzkäschte fir Stéit a Betriber d’nächst Joer an Héicht vun 150 Milliounen €
2. Am franséischen Département Gironde goufen op Grond vun den uerge Bëschfeieren d’Awunner:innen aus weidere Gemengen no bei Bordeaux evakuéiert. Am Ganze goufe bis elo eng 22.000 ha Land zerstéiert.
3. Um zweetleschten Dag vum Tour de France am Cyclissem steet souzesoen eng mäerderesch Etapp um Menu vun de Coureuren. Ee Bierg vun der 1., 3 Bierger hors-catégorie plus d’Alpe d’Huez erop mussen d’Cyclisten haut iwwerwannen