1. De Chômagetaux hei am Land ass am Laf vum Juni op 6,4 Prozent geklommen, dat ass e Plus vun 9,7 Prozent par rapport zum Juni vum leschte Joer
2. D‘Attack op en Affekot zu Ettelbréck, den 12. Juni, wier keen Eenzelfall, sot d‘Pascale Hansen, Bâtonnière vum Barreau Dikrech als Invitée vum Dag hei op der Antenn
3. D’Europäesch Kommissioun verhänkt eng Strof vu 550 Milliounen Euro géint déi chineesesch Online-Plattform AliExpress
4. A Groussbritannie gëtt den Andy Burnham haut zum neie Premier ernannt