1. 10 Joer feste Prisong fir een 18 Joer ale Mann, dee säi Stéifpapp ëmbruecht huet.
2. Op der Kockelscheier wäerte vun Enn nächstem Joer un Tester fir d‘Weltraumfahrt gemaach ginn. D‘Chamber huet de Mëtteg mat grousser Majoritéit de Gesetzesprojet fir de Finanzement vum geplangten Testzenter um Space Campus op der Kockelscheier ugeholl.
3. D‘Bränn am Bësch vu Fontainebleau wieren agegrenzt - 6 Verdächteger wiere virleefeg festgeholl ginn, dorënner ee fräiwëllege Pompjee, deen d‘Faiten och zouginn huet.
4. D‘Ënnerstëtzerlänner vun der Ukrain ginn den nächste Schrëtt: se wëllen zesumme militäresch üben.