1. Trotz den Tripartite-Mesuren, déi decidéiert goufen, kéint een net ausschléissen, datt net awer nach eng zweet Indextranche bannent 12 Méint wäert erfalen. Déi Analys mécht de Statec-Direkter Tom Haas
2. D’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wëllt d’Diere fir den Ambulatoire méi grouss opmaachen. Dofir huet si haut en neie Gesetzestext presentéiert, deen dee scho bestoende Gesetzesprojet zu den Dokteschgesellschafte soll ergänzen
3. D‘USA an den Iran hu sech hënt nees géigesäiteg attackéiert, d‘USA hunn dobäi Ziler am Süde vum Land getraff. Den Iran gesäit déi diplomatesch Efforten dowéinst seriö a Gefor
4. Amnesty International huet Israel ethnesch Botz am Westjordan virgeworf, d’Beduinen an d‘Wanderhirte géife systematesch aus dem Land verjot an hir Liewensgrondlag zerstéiert ginn