1. Déi däitsch Liberal, déi jo net méi am Bundestag vertruede sinn, hu sech mam Wolfgang Kubicki en neie President ginn. Um FDP-Parteidag zu Berlin war et awer nach zu enger iwwerraschender zweeter Kandidatur komm.
2. D’Presidentewale vum nächste Joer a Frankräich geheien hire Schiet viraus. Haut huet de fréiere Premier Gabriel Attal säin Hutt an de Réng gehäit: Hie gesäit de Rassemblement national an d’France insoumise als Haaptgéigner un.
3. Den Dän Jonas Vingegaard huet d’Victoire beim Giro d’Italia am Cyclissem sou gutt wéi sécher, an am europäesche Fussball huet elo grad d’Champions League-Finall Paris St Germain géint Arsenal London ugefaangen: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.