1. De Parquet huet, am Kader vun de Virwërf géint den Dr. Philippe Wilmes, eng Enquête préliminaire opgemaach. Am Raum steet ë. a. de Reproche vu Coups et blessures volontaires aggravés
2. D’Schwäizer Autoritéiten halen d’Messerattack, de Moien, an der Gare zu Winterthur bei Zürech, fir en terroristeschen Akt. E Schwäizer vun 31 Joer hat do 3 Persoune mat engem Messer blesséiert
3. Bei de French Open am Tennis zu Roland-Garros ass den Italieener Jannik Sinner am zweeten Tour erausgehäit ginn, an d’Lëtzebuerger Liichtathleetin Victoria Rausch hält hir Karriär op: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.