1. D’FEDIL warnt virun enger ze vill protektionistescher Politik vun der EU-Kommissioun. An den Ae vun der Industriellefederatioun muss den europäesche Maart nämlech en oppene bleiwen.
2. Am Krich géint d’Ukrain setzt Russland an de leschten Deeg ëmmer méi op uerg Attacken aus der Loft. Fir déi ofzewieren wënscht sech Kiew elo méi Patriot-Loftofwierrakéite vun den USA.
3. Den Dän Michael Valgren gewënnt déi 17. Etapp vum Giro d’Italia am Cyclissem, an den Owend ass d’Final vun der Conference League am europäesche Fussball tëscht Crystal Palace a Rayo Vallecano: Dat sinn Iwwerschrëften am Sport.