Grad am Summer zitt et vill Touristen op Lëtzebuerg. Niewent Hotellen ass och de Camping extrem beléift bei den Touristen déi heihi kommen. Mee net all Camper bezilt fir eng Stellplaz op engem vun de ville Campinger hei am Land. Vill bleiwen einfach do stoen, wou et hinne gefält oder wou et praktesch fir si ass. Dat sougenannte Wëllt-Campen suergt fir Onzefriddenheet. Sou zum Beispill um Parking bei der Kockelscheier.
De Moris Garzaro war sech dat ukucken.