Och de Kulturhuef zu Gréiwemaacher huet mam Kulturhuef Summer eng eege Programmatioun an der grousser Vakanz ageféiert. Deen ass vu muer (11. 08.) un, bis den 21. August. Gebuede ginn zum Beispill Printworkshoppen.
De Pit Walté huet sech méi am Detail iwwer dee Workshop informéiert bei der Célia Thurmes, déi fir d’Vermëttlung am Kulturhuef zoustänneg ass.