Et gëtt Kritik un der Decisioun, zwee russesch Oligarche vun der Lëscht vun den europäesche Sanktioune géint Russland erofzehuelen. Lëtzebuerg hat sech jo dofir agesat, de Geschäftsmann Mikhail Fridman, deen de Grand Duché op Schuedenersatz verklot huet, vun där Lëscht ze sträichen. D’EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas huet d’Decisioun vun där leschter Woch bedauert.
Si géif dee ganze Sanktiouns-System ofschwäche seet iwwerdeems den Europadeputéierten Ivars Ijab. Op där anerer Säit géing Russland alles maache fir d’EU dozou ze bréngen, d’Ukrain net méi ze ënnerstëtzen.
D’Danièle Weber huet mam lettesche Liberale geschwat.