Montenegro kéint dat Land sinn, wat als nächst Member vun der Europäescher Unioun gëtt.
D’Land ass scho Member vun der NATO an huet och schonn zënter iwwer 20 Joer den Euro als Wärung.
Dat hëlleft ... an ënner den EU-Kandidaten huet dat klengt Land mat eppes iwwer 600.000 Awunner:innen den Ament ouni Zweiwel déi beschte Kaarten.
Säi Bäitrëtt kéint nach 2026 decidéiert ginn. Dat hat de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zejoert an enger Ried am Europaparlament gesot.
Déi Previsioun war vläicht e bëssen ze vill optimistesch, mee et gëtt awer souwuel an der Europäescher Kommissioun, wéi am Europaparlament net als onprobabel ageschat, datt d’Land um Balkan 2028 als 28. Member opgeholl gëtt.
D’EU-Ministerin vu Montenegro ass hirersäits iwwerzeegt dovun. D’Danièle Weber hat gëschter am Europaparlament d’Geleeënheet mat hir ze schwätzen.