Am EU-Parlament loosse verschidden EU-Deputéiert net labber: Si setze sech weider dofir an, datt Nimm wéi “Burger” oder “Wurscht” fir Veggi-Produiten verbuede ginn. Eng “No Confusion Coalition” aus Konsumenten-, Ëmwelt-, an Déiereschutz-Organisatioune genee ewéi Vertrieder aus dem Veggi-Secteur mécht elo een Appell un d’Europadeputéiert, sech net op eng Nei-Oplag vun dëser aler Debatt anzeloossen.
d'Danièle Weber huet mam Rafael Pinto vun der “European Vegetarian Union”, deen och Spriecher vun der “No Confusion Coalition” ass, geschwat.