Amplaz Wiss, Hecken a Planzen - e Muster oder verschidde faarweg Steng. Virun e puer Joer sinn déi sougenannte Schottergäert, also Fläche virun oder hanner engem Haus, déi mat Steng beluecht sinn, a Moud komm. Se gesi clean aus a sollen niewebäi dem Onkraut net ze vill Plaz bidden, sinn dofir awer net ganz ökologesch. Mam neie Bautereglement, dat den 1. Januar 2028 a Kraaft trëtt, solle Stenggäaert verbuede ginn. Bis dohi läit et un de Gemenge fir ze kucken, wéi si domat ëmginn.
Ëmmer méi Gemenge setze Subsiden oder aner Demarchen en Place, fir dës Schottergäert duerch richteg Gäert ze ersetzen. De Moris Garzaro huet sech bei verschidde Gemengen ëmfrot.