Kënschtlech Intelligenz an Algorithme sinn net méi aus eisem Alldag ewechzedenken. Si liwweren a kuerzer Zäit Äntwerten op Froen, schreiwen Texter a generéiere Biller. Gläichzäiteg kënne se awer och geféierlech sinn.
De Centre d'Information Tiers Monde huet am Kader vun zwou Konferenzen de Jean-Lou Fourquet invitéiert, fir iwwer eng vun dëse Geforen ze schwätzen. Wéi en Impakt huet KI op Demokratie? Dee franséische Journalist huet ënner anerem fir d’Emissioun “Arrêt sur Image” geschafft an ass de Coauteur vum Buch “La dictature des algorithmes”. Senger Meenung no geet e grousse Risk vu sougenannte Recommandatiouns-Algorithmen a Kënschtlecher Intelligenz aus, wann et ëm d’Demokratie geet. No enger vun den zwou Konferenzen hat de Moris Garzaro Geleeënheet fir mat him iwwer dës Thees ze schwätzen.