A verschiddene Länner um Balkan maache sech eng ganz Partie Leit Suergen, datt déi lescht onofhängeg Medien an Zukunft manner fräi oder kritesch schaffe kënnen. D’Ursaach dofir huet direkt eppes mat Lëtzebuerg ze dinn.
De Balkan-News-Reseau “Adria News Network”, zu deem eng ganz Partie Televisiouns-Chaînen, mee och Zeitungen an Online-Portaler gehéieren, huet säi Sëtz zu Lëtzebuerg ... a gouf Enn September verkaf, an zwar un ee Fonds, deen dem fréieren ungaresche Premier Viktor Orban nosteet, an dee wéinst fréieren Decisiounen an d’Kritik geroden ass.
Déi betraffe Medie schloen Alarm a fäerten, datt hir Entreprisë massiv ëmstrukturéiert ginn, an datt si Zukunft ënner dem Afloss vun hire Regierunge schaffe mussen.
Wéi reagéiert d'Europaparlament? Dat froe mir den éisträicheschen Europadeputéierten Andreas Schieder vun der SPÖ, den éisträichesche Sozialisten, deen d’Politik um Balkan zanter Joren enk suivéiert.