Iwwerdeier Wunnengen, wéineg Offeren : D’Sich no enger neier Wunneng zu Lëtzebuerg ass schwiereg. Dat gëllt fir Lëtzebuerger grad wéi fir Mënschen, déi aus dem Ausland wëllen op Lëtzebuerg wunne kommen. A grad fir si, schéngt d’Sich no enger Wunneng nach méi problematesch ze sinn. D’Hautfaarf oder iwwerhaapt d’Originnen kënnen do – wéi et ausgesäit ganz séier een Hindernis sinn. Dat huet eng jonk Franséisin erliewt. Eng Immobiljenagence huet hir per Mail kloer gemaach, dass net jiddereen als Locataire erwënscht wär. De Léo-Paul Hoffmann huet sech de Fall méi genee ugekuckt.
Wunneng ze verlounen - awer net fir Albaner oder Afrikaner...
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Léo-Paul Hoffmann
Episoden
Renaturéierung vu Flëss: net ëmmer esou einfach
D'Beispill vun de Renaturéierungsversich ronderëm Steesel weist, datt et net ëmmer evident ass fir eng Gemeng, hir Ziler an deem Beräich ze erreechen.
“Les origines du Conseil d’Etat du Luxembourg”
De Marc Besch ass Generalsekretär vum Staatsrot an huet elo e Buch iwwer d'Entsteeung vun där Institutioun geschriwwen. Mir geheie mat him ee Bléck zeréck an déi Geschicht.
29.000 Hektar verbrannt
Rieds ass vum schlëmmste Bëschbrand iwwerhaapt an der Regioun: Am Nordoste vu Madrid hunn 1.200 Mënsche missten evakuéiert ginn. Een Update mat eiser Korrespondentin
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
FEDIL zur ETS-Reform: "Mir brauchen eng staark Industrie an Europa“
D'Industriellefederatioun weist sech an enger éischter Reaktioun generell zefridde mat de Virschléi vun der EU-Kommissioun fir d'Reform vum Emission Trading System.
Renaturéierung vu Flëss: Wéi eng Hürde ginn et nach?
Mir froen d'Martine Peters vun der Waasserverwaltung, éier haut de Renaturéierungsdësch zesummekënnt.
Filmtip: "The Odyssey"
Dem Christopher Nolan seng imposant Verfilmung gëtt dem Homer absolut gerecht, fënnt de Michel Delage.
Franséisch Alphabetiséierung: D'Viraarbecht leeft op Héichtouren
Fir ze gesinn, wéi déi organisatoresch Viraarbecht genee ofleeft, huet d’Pia Oppel engem Regionaldirekter bei der Aarbecht iwwer d’Schëller gekuckt.
Kiemer Kannerrot wëllt méi Begréngung am Schoulhaff
Méi Begréngung an der Stad ass en aktuellt politescht Theema – an och fir d’Kanner aus der Schoul Um Kiem um Kierchbierg spillt d'Begréngung eng grouss Roll.
Groussbritannie kritt en neie Premier
De Kinnek Charles wäert deen neie Labour-Leader haut mat der Formatioun vun enger neier Regierung beoptragen. Mee wien ass dee Successeur vum Keir Starmer?
Fussball-WM - e Bilan
De Manuel Cardoni, techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun, verréit, wéi hien d'Weltmeeschterschaft erlieft huet a wat hien dovun zeréckbehält.
Neie Statut fir Dokteren an der Spezialisatioun
D'Regierung an d'Associatioun ALMEVS goufe sech eens iwwer e spezifesche Statut fir déi jonk Dokteren, déi nach an der Ausbildung sinn.
Tour de France: Tëschebilan no der 2. Woch
15 vun 21 Etappe si gefuer; elo geet et an d'Alpen. Wat kann ee vun der leschter Tour-Woch erwaarden? Froen un de fréiere Vëlosprofi Michel Ries
Bierger-Atelier ëm d'interkulturellt Zesummeliewen zu Schëffleng
Et koumen originell Iddien eraus, fir d'Awunner:inne spontan dozou ze bréngen sech ze begéinen a besser kennenzeléieren.
Pensiounsreform, Budget an Tripartite: wichteg Momenter an der Chamber
Wéi eng grouss Dossier goufen an de leschte Méint an der Chamber diskutéiert?
"Jidderee kann eppes ginn a Wëssen deelen"
De Miseler Kollektiv bréngt Mënsche vu verschiddenen Horizonter zesummen, op eng ongezwongen Aart a Weis. D'Annick Feipel ass Coordinatrice vun deem éischten Tiers-lieu am Osten.
“Booster fir de Wunnengsbau”
Ënner deem Slogan hunn den CSV-Finanzminister Gilles Roth an den DP-Logementsminister Claude Meisch gëschter 7 Mesurë virgestallt, déi de Wunnengsbau nees ukuerbele sollen.
Theaterfestival zu Avignon: E finanziellen Iwwerliewenskampf fir d'Akteuren
De Jeff Schinker gëtt eis en Abléck an den haarde Konkurrenzkampf tëschent den Theaterkompagnien, déi zu Avignon optrieden.
ETS-Reform: Wiem lauschtert d’EU-Kommissioun no?
D'EU-Kommissioun proposéiert déi laang erwaarte Reform vum Europäeschen Emissiounshandels-System. Si sicht den Equiliber tëschent de Géigner an deenen, déi de System hale wëllen.