Final Episod vum Caritas-Podcast werft nei Luucht op d'Affär

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Caritas war virum Bedruch vun 61 Milliounen Euro reegelméisseg am Viséier vu versichte Frauden, ass och schonn zweemol virdrun drop eragefall an dat gouf intern thematiséiert. Dat weise Recherchë fir den 100,7-Zeenewiessel-Podcast. D'Informatiounen aus der aachter a finaler Episod vun eiser Serie "Carambolage" werfen eng nei Luucht op d'Affär, wéi d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck am Moiesstudio erklären.

Déi fréier Caritas-Finanzdirektesch behaapt jo, si wier beim Milliounebedruch op Krimineller eragefall. Wéinst de reegelméissege Versich fir eng Fraude au président haten déi Responsabel an der Caritas d'Instruktioun mëndlech beim Generaldirekter nozefroen am Fall wou géife verdächteg E-Mailen erakomme mat Instruktioune fir Payementer. Dat huet d’Finanzdirektesch awer net gemaach.

Si huet wärend der Fraude och géint Anti-Geldwäsch-Reegele verstouss, déi si selwer mat ausgeschafft huet. De fréiere Chef vun den internationale Caritas-Operatioune seet am Podcast, d'Finanzdirektesch hätt ëmmer fir méiglechst strikt Reegele plädéiert.

Egal wéi eng Roll awer d'Finanzdirektesch gespillt huet, hanner dem Bedruch stieche gutt organiséiert international Krimineller, déi mat grousser Warscheinlechkeet net just d'Caritas am Viséier haten. Och dat fanne mir an der aachter Episod eraus. Mir ginn der Spuer vun de Suen no, lande bei sougenannte "money mules", bei spuenesche Societéiten a Konten. A mir weisen, wéi den Ekosystem funktionéiert, op dee kriminell Reseauen zeréckgräife fir am grousse Stil Sue wäiss ze wäschen.

Déi aacht Episod vun eisem Caritas-Podcast ass zënter dësem 2. Juni eraus: An eiser App, op 100komma7.lu an op de Podcast-Plattformen

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

80 Joer MeteoLux: Alles huet mat enger klenger Hütt um Findel ugefaang | © Bigstock

80 Joer MeteoLux: Alles huet mat enger klenger Hütt um Findel ugefaang

Mir kucken zeréck op den Ursprong vum staatleche Wiederdéngscht.
headphones

13 min

play_arrow
Legaliséierung vu Pefferspray: Petitioun kritt méi wéi 5.500 Ënnerschrëften | © picture alliance / dpa | Armin Weigel

Legaliséierung vu Pefferspray: Petitioun kritt méi wéi 5.500 Ënnerschrëften

De Pétitionnaire Alexandre Titeux erkläert säin Uleies, dat hien also elo eng Kéier an engem ëffentlechen Debat virdroe kann.
headphones

5 min

play_arrow
Wourëms geet et op der Hierscht-Quadripartite? | © Ministère de la Santé

Wourëms geet et op der Hierscht-Quadripartite?

Regierung, Sozialpartner a Prestatairen aus dem Gesondheetsberäich gesi sech haut, fir d'Finanze vun der CNS ze analyséieren. Eng Cotisatiounserhéijung ass warscheinlech.
headphones

6 min

play_arrow
Groussen Interessi um zweete Pensiounsdag zu Diddeleng

Groussen Interessi um zweete Pensiounsdag zu Diddeleng

Déi nei Pensiounsreform suergt bei ville Leit nach ëmmer fir Froen. Um Pensiounsdag krute si zu Diddeleng Äntwerten.
headphones

4 min

play_arrow
Abordabel Wunnenge just fir Handwierker | © Chambre des Métiers

Abordabel Wunnenge just fir Handwierker

D’Chambre des Métiers gëtt en Acteur am soziale Wunnengsbau. Gëscht ass en éischte Projet vu 37 Wunnengen ugekënnegt ginn. De Max Urbany vun der Handwierkerkammer erkläert.
headphones

7 min

play_arrow
Vizeweltmeeschter am Agility

Vizeweltmeeschter am Agility

Bei der Weltmeeschterschaft zu Turku a Finnland hunn den Daniel Volz a säin Hond d'Sëlwermedail an hirer Kategorie gewonnen. Wéi trainéiert een op esou engem Weltklassen-Niveau?
headphones

15 min

play_arrow
Belsch Vignette: Gemeng Stengefort besuergt | © Commune de Steinfort

Belsch Vignette: Gemeng Stengefort besuergt

De Buergermeeschter Sammy Wagner fäert, datt mat der Aféierung vun der belscher Autobunns- a Stroossevignette de Verkéier an den Dierfer vu senger Gemeng staark wäert zouhuelen.
headphones

9 min

play_arrow
Ëmfro: Zwee Drëttel vun den Israeelie géint Sanktiounen

Ëmfro: Zwee Drëttel vun den Israeelie géint Sanktiounen

Ëmfro: Zwee Drëttel vun den Israeelie fuerdere Géigemesure géint Länner déi Sanktioune verhänken
headphones

5 min

play_arrow
STATEC-Direkter: Index-Tranche am 1. Trimester 2027 "warscheinlech" | © Radio 100,7

STATEC-Direkter: Index-Tranche am 1. Trimester 2027 "warscheinlech"

Am Virfeld vun der Tripartite vu mar erkläert den Tom Haas, vu wéi engen Hypothesen seng Verwaltung aktuell ausgeet.
headphones

6 min

play_arrow
Phenomeen Ni Xia Lian | © picture alliance/dpa/Manfred Schillings | Manfred Schillings

Phenomeen Ni Xia Lian

Mat hiren 63 Joer huet d'Dëschtennisspillerin et d'lescht Woch bei der EM nees bis an d'Aachtelsfinall gepackt. Dozou en Interview mat hirem Mann an Trainer Tommy Danielsson.
headphones

6 min

play_arrow
Reesen, déi markéieren: Mat Lycéesschüler an d'KZ-Gedenkstätt | © Dnalor 01 (Wikimedia Commons / CC-BY-SA 3.0)

Reesen, déi markéieren: Mat Lycéesschüler an d'KZ-Gedenkstätt

Den Gianni Mersch organiséiert zënter Joren d'Reese mat Lycéesschüler an d'Gedenkstätt vum fréieren KZ zu Mauthausen an Eisterräich. Wéi koum hien zu dem Engagement?
headphones

13 min

play_arrow
LSC 2026 | © 100,7

LSC 2026

De "Luxembourg Song Contest" 2026
headphones

6 min

play_arrow
Krawaller a Frankräich: Wéi reagéiert d'Politik? | © EPA/LUDOVIC MARIN / POOL MAXPPP OUT

Krawaller a Frankräich: Wéi reagéiert d'Politik?

Mir froen eise Korrespondent zu Paräis, de Max Tholl.
headphones

6 min

play_arrow
Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall getest | © Carole Schimmer

Am Tunnel Micheville gouf den Eeschtfall getest

Eng 80 Pompjeeën, Mataarbechter vu Ponts et Chaussées a vun der Police ware gëschter un engem groussen Exercice bedeelegt.
headphones

5 min

play_arrow
Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter | © Anonym

Trotz Wafferou: D'Leit an der Gazasträif sti virun engem haarde Wanter

Eise Korrespondent Leonardo Kahn mat engem Abléck an d'Alldagsliewen vun dem vum Krich gezeechente palästinenseschen Territoire.
headphones

6 min

play_arrow
Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm? | © Maurice Molitor

Wat gëtt aus dem Dikrecher Brautuerm?

Den Yves Claude mécht sech staark fir den Erhalt vun deem Gebai am Bauhaus-Stil. Am Kader vun de Journées européennes du patrimoine wëll hie sensibiliséieren.
headphones

13 min

play_arrow
Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt" | © picture alliance / Russian Look | Maksim Konstantinov

Dréchent op Mauritius: "Et dréit een de Krunn op, an et kënnt näischt"

Hei am Land ginn et, trotz ganz dréchene leschte Méint, bis elo keng Enkpäss beim Dréckwaasser. Op Mauritius ass dat anescht. Eng Lëtzebuergerin erzielt, wéi dat sech ufillt.
headphones

6 min

play_arrow
Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung? | © Jo Diseviscourt

Sanktioune géint Israel: Gëtt et Sträit an der Lëtzebuerger Regierung?

DP ass dofir datt Wueren aus illegal besaten Territoiren am Westjordanland net méi däerfen op Lëtzebuerg importéiert ginn. Wëllt d'CSV dat blockéieren? Mir froen de Fraktiounschef.
headphones

6 min

play_arrow
Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun | © Jo Welfringer

Jeunesse Esch saiséiert Ethikkommissioun

An der Affär ëm de Spiller, deen aus reliéise Grënn refuséiert huet, weiblech Supporteren ofzeklappen, freet de Veräin elo en onofhängegen Avis. De President Marc Theisen erkläert.
headphones

9 min

play_arrow
Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen | © Radio 100,7

Feierbakterien a Wéngerten: Regierung versprécht Kompensatiounen

Wat ass geplangt fir betraffe Wënzer ze entschiedegen an eng weider Verbreedung vun de Bakterien ze verhënneren? Froen un d'Wäibauministesch Martine Hansen.
headphones

8 min

play_arrow