Mat "ASLSP" ass "As Slow as Possible", dat längste Musekswierk vun der Welt gemengt. Den Numm John Cage steet an der Musek fir d'Avantgarde an déi Nei Musek. De 5. September 2001, am Kader vu sengem 89. Gebuertsdag, gëtt an der däitscher Klengstad Halberstadt a Sachsen-Anhalt eng Uergel opgeriicht, déi wärend 639 Joer ee Wierk opféiere soll.
Gëschter gouf et dann awer ee ganz besonnesche Moment. No weidere ronn 2,5 Joer, gouf offiziell a feierlech de 17. Klangwiessel mëttlerweil kuerz no Mëtteg agelaut, an duerch d’Dobäisetze vun enger 8. Uergelpäif ass elo mat engem “la”, dee bäikoum, een Acht-Toun-Klang ze héieren.
4 Prozent vum Wierk sinn elo schonn interpretéiert. Presséiert si musst dir net, dir hutt nach ronn 14 Méint Zäit bis den nächsten Tounwiessel.