D’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch ass e weltleche Chouer, deen et zanter 1851 gëtt. Deemools gouf de Chouer als Liedertafel gegrënnt a gehéiert zu deenen eelste Chéier vum Land. Fir hiren 175. Gebuertsdag ze feieren huet d’Chorale Municipale Sängerbond Diekirch eng Ausstellung am Geschichtsmusée zu Dikrech geplangt. Ënner dem Titel "Am Wandel vun den Zäiten" kann een iwwer bal 2 Joerhonnerte Chouergeschicht vum Sängerbond léieren. Do gëtt een och gewuer, wat fir eng Roll de Sängerbond am Kultur- a Museksliewe vun Dikrech gespillt huet. En Deel vun der Expo ass dem Jos Kinzé gewidmet, dee war Dirigent vum Chouer vun 1952-1992.
D’Inauguratioun vun der Ausstellung ass de 5. Juni, hallwer 7 owes am Geschichtsmusée zu Dikrech. Fir d'Geleeënheet ass e Concert vum Sängerbond geplangt, ënner der Baguette vum Jean-Paul Majerus, hirem Chefdirigent a begleet vum Jos Majerus um Piano. D’Ausstellung kann een iwweregens gratis kucke goen. An zwar vum 6.-26. Juni ëmmer tëschent 10-18 Auer.