Episod 16 - Claude Mangen

headphones

48 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Vum geléierte Comptabel zum präägenden Acteur vun der Lëtzebuerger Kulturlandschaft huet hien en zimlech aussergewéinleche Parcours hanner sech. Dës Woch begréisse mir am Klassik Talk de Claude Mangen, deen hei beim Radio 100 ,7 nämlech keen Onbekannten ass. De Claude Mangen war 25 Joer laang Chef vun der Kultur a Programmchef vum Radio 100,7. Haut ass hien Direkter vum Mierscher Theater, ganz geschwë fänkt fir hien awer en neie Liewensabschnëtt un.

Ursprénglech hat hien eng Ausbildung an der École de Commerce et de Gestion (ECG) gemaach. Eigentlech hat de Claude Mangen eng sécher Plaz als Comptabel. Mat 27 setzt hien awer alles op eng Kaart a geet an den Theater. Dono war hie 25 Joer laang beim Radio 100,7, als Speaker an als Programmchef. Fir hie war de Radio ëmmer eng Form vu Bün, bei där hien éischter am Hannegrond Regie gefouert huet. 2019 tauscht de Claude Mangen de Mikro géint e Regiestull a gëtt Direkter vum Mierscher Kulturhaus, aus deem ënner senger Féierung de Mierscher Theater gëtt. Säin Ziel: méi, wéi "just" e regionalen Noversuerger ze sinn. Mat 63 geet de Claude Mangen an d'Pensioun an léisst Plaz fir déi nächst Generatioun. Ab August 2026 iwwerhuelen de Pit Ewen an den Olivier Garofalo säi Posten.

An dëser Episod vu Klassik Talk erzielt de Claude Mangen iwwer den entscheedende Moment wou hien decidéiert huet, de séchere Wee vun den Zuelen ze verloossen, a sech fir d’Magie vun der Bün entscheet huet. Mir schwätzen iwwer véier Joerzéngt u Lëtzebuerger Theatergeschicht. Nostalgesch erzielt hien och, wéi hien an enger Zäit wou den Internet nach net relevant war, d’Grënnung vum soziokulturelle Radio 100,7 erlieft a matgestallt huet an firwat d’Dokumentatioun vun der Kulturgeschicht him sou vill um Häerz louch. Hien deelt eis seng Wënsch mat, fir d'Zukunft vum Mierscher Theater an wat seng Liewensphilosophie mam Gänsespill ze dinn huet.

Episoden

"Avec la voix on a un cadeau en plus, c'est l'art de la parole."

"Avec la voix on a un cadeau en plus, c'est l'art de la parole."

Extrait 5/5
headphones

6 min

play_arrow
"Ech hu kee Besoin en Handy ze hunn, ech wëll keng Ambulanz permanent sinn" | © Archiv

"Ech hu kee Besoin en Handy ze hunn, ech wëll keng Ambulanz permanent sinn"

Extrait 3/4
headphones

5 min

play_arrow
"Ech war iwwerwältegt an ech si froe gaangen, wat mer grad lauschteren" | © Archiv

"Ech war iwwerwältegt an ech si froe gaangen, wat mer grad lauschteren"

Extrait 2/4
headphones

6 min

play_arrow
"Dat huet mech staark beweegt bis haut."

"Dat huet mech staark beweegt bis haut."

Extrait 1/4
headphones

5 min

play_arrow
Episod 22 - Claude Lenners

Episod 22 - Claude Lenners

"Elo oder ni": De séchere Wee vun der Informatik fir d'Musek verloossen.
headphones

91 min

play_arrow
"J'ai prié le bon Dieu pour un miracle!" | © Opus

"J'ai prié le bon Dieu pour un miracle!"

Extrait 4/4
headphones

5 min

play_arrow
"J'étais tellement crevée que je ne pouvais même plus marcher"

"J'étais tellement crevée que je ne pouvais même plus marcher"

Extrait 3/4
headphones

5 min

play_arrow
"C'était la voix avec X. C'était une révélation ce soir là"

"C'était la voix avec X. C'était une révélation ce soir là"

Extrait 2/4
headphones

5 min

play_arrow
"J'ai commencé à étudier le piano à 10 ans, mais je n'avais pas de piano"

"J'ai commencé à étudier le piano à 10 ans, mais je n'avais pas de piano"

Extrait 1/4
headphones

6 min

play_arrow
Episod 21 -  Stephany Ortega

Episod 21 - Stephany Ortega

„Ech wollt einfach glécklech sinn“: D’Stephany Ortega iwwer Courage, Heemecht a Musek
headphones

84 min

play_arrow
So mir däin Instrument an ech soen dir, wien's du bass?!

So mir däin Instrument an ech soen dir, wien's du bass?!

"Ech menge schonn, datt de Choix vum Instrument eppes iwwer d'Perséinlechkeet ausseet." Där Iwwerzeegung ass den Organist Maurice Clement. Lauschtert an de véierten Extrait eran!
headphones

3 min

play_arrow
“Et geet schlussendlech ëmmer ëm Gefiller”

“Et geet schlussendlech ëmmer ëm Gefiller”

Maacht dir eng strikt Trennung tëschent Beruff a Privatliewen? Fir de Museker Maurice Clement ass dat een No-Go.
headphones

4 min

play_arrow
"Et gëtt näischt méi Ustiechendes wéi d'Angscht!"

"Et gëtt näischt méi Ustiechendes wéi d'Angscht!"

Am zweeten Extrait vum Klassik Talk mam Maurice Clement schwätzt de Lëtzebuerger Museker iwwer d'Angscht an der Musek an déi méiglech Konsequenzen dovun.
headphones

4 min

play_arrow
"Improvisatioun ass e bëssen therapeutesch."

"Improvisatioun ass e bëssen therapeutesch."

Zënter Klengem un huet de Maurice Clement eng besonnesch Passioun fir d'Improvisatioun um Instrument.
headphones

4 min

play_arrow
Episod 20 -  Maurice Clement

Episod 20 - Maurice Clement

Museker mat Läif a Séil
headphones

42 min

play_arrow
„Manchmal muss man ein Orchester einfach in Ruhe lassen und spielen lassen“

„Manchmal muss man ein Orchester einfach in Ruhe lassen und spielen lassen“

Extrait 5/5
headphones

6 min

play_arrow
"Ich bin abends froh, einfach die Nachrichten zu hören"

"Ich bin abends froh, einfach die Nachrichten zu hören"

Extrait 4/5
headphones

8 min

play_arrow
"Die größte Herausforderung sind oft die vermeintlich einfachsten Rhythmen"

"Die größte Herausforderung sind oft die vermeintlich einfachsten Rhythmen"

Extrait 3/5
headphones

5 min

play_arrow
„Mit einer elektronischen Zahnbürste auf einen Becken vibrieren"

„Mit einer elektronischen Zahnbürste auf einen Becken vibrieren"

Extrait 2/5
headphones

5 min

play_arrow
"Ich bin sehr dankbar dafür, dass meine Mama mich ein bisschen gepusht hat"

"Ich bin sehr dankbar dafür, dass meine Mama mich ein bisschen gepusht hat"

Extrait 1/5
headphones

8 min

play_arrow