Wie vu klassescher Musek begeeschtert ass an heiansdo och emol Live-Musek genéisst, deen huet bestëmmt och scho mol d’Virstellung gehat, selwer als Dirigent virun engem groussen Orchester kënnen ze stoen. Op de Büne vun de gréisste Concertshaiser. Oder un der Säit vun engem Weltstar an Dirigent.
Kooperatioune mam Simon Rattle, Riccardo Chailly oder Ricardo Muti respektiv dem Orchester Radio France oder der Svizzera Italiana huet den Dirigent Mariano Chiacchiarini schonn erlieft. An dës Saison presentéiert den Dirigent eng Concertsrei mam Orchestre de Chambre du Luxembourg, dem OCL.
Dës Concerte sinn dëse Samsden an der Philharmonie an och dëse Sonndeg zu Coesfeld am Theater. Den OCL spillt a Begleedung mam däitsche Pianist Joseph Moog. De Mariano Chiacchiarini war schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg op Visitt, och beim OCL. An d’Virfreed war dem Museker am Opus-Interview net just ofzegesinn, och ze héieren!