Den 21. an de 24. Juni sinn déi nächst Concerte vum UniChoir, dem Chouer vun der Uni Lëtzebuerg. Um Programm steet geeschtlech Musek mat de "Five Mystical Songs" vum Ralph Vaughan Williams a mat der Motett "Singet dem Herrn" vum Johann Sebastian Bach. De Programm fänkt awer mat engem bekannte weltleche Liederzyklus un, deen een eigentlech ni a Form vu Chouergesank héiert: “Dichterliebe” vum Robert Schumann. Den Dirigent Thomas Gareau huet eis verroden, wat dat Klangerliefnes dobäi esou besonnesch mécht.
Another Light
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes
Episoden
A Master's Touch
De Mariano Chiacchiarini ass op en Neits op Visitt zu Lëtzebuerg a presentéiert mam Pianist Joseph Moog an dem OCL ee rare Programm an der Concertsserie "A Master's Touch".
Nei Saison vun United Instruments of Lucilin
Gëschter Owend gouf mat engem éischte Concert déi nei Saison 26/27 vu United Instruments of Lucilin lancéiert. Mee wat erwaart een dëst Joer - nei Konzepter, méi Initiativen?
Festival Bridges 2 - en Iwwerbléck mat der Grënnerin
De Festival "Bridges 2" geet de 24. September a seng 8. Editioun.
Eng Uropféierung fir d'Rentrée vum Artikuss
De Walter Civitareale huet eng nei Fassung vu senger "Jubilee Suite" fir Harmonieorchester verfaasst.
Wien ass den John Maia?
Hien huet iwwer 400.000 Follower op Instagram - Leit aus Frankräich, Italien, Däitschland, bis hin zu Südamerika. Zu Lëtzebuerg kennt awer quasi keen hien.
Un Orchestre à soi: Eng Klanginstallatioun iwwer vergiesse Komponistinnen
Firwat si Frae vun der Museksgeschicht vergiess ginn? Déi Fro exploréiert d'Klangkënschtlerin Léa Chevrier an hirer interaktiver Ausstellung an der Abtei Neimënster.
Ee Liewen als Militärmuseker - de Lt. Jean Thill geet an d'Pensioun
Zënter Oktober 2022 ass de Lt. Jean Thill Chef de Musique adjoint bei der Militärmusek. Virdru war hie Joerzéngte Museker an de Reien. Elo geet et an déi wuelverdéngte Pensioun.
Kammerata Luxembourg: déi nei Saison 2026/27
D'Presidentin vu Kammerata Luxembourg, Sandrine Cantoreggi, mat engem Iwwerbléck iwwer déi villfälteg Concerten, déi de Public dës Saison erwaarden.
D'Rentrée vun de Solistes Européens, Luxembourg
Den 21. September start déi nei Saison vun de Solistes Européens, Luxembourg mat engem Concert an der Philharmonie.
Mat honnerte Saxofonen duerch Hiphop, Ballet an ungaresch Dänz
Den LSA Mega Saxofonsorchester ass zeréck. Honnerte Saxofonistinnen a Saxofonisten vun all Alters- an Instrumentenniveau komme fir ee gemeinsame Concert zu Ettelbréck zesummen.
"Et huet nach keen eng konkret Virstellung dovunner"
D'Wierk "Exorzismus" vum Pit Dahm ass "Oeuvre imposée" an der zweeter Ronn vun der Perkussioun beim ARD-Musikwettbewerb.
Concours um Klenge Maarnicher Festival. Dëst Joer: Uergel
Um Klenge Maarnicher Festival gëtt all Joer en internationale Concours organiséiert. Dëst Joer steet d'Uergel am Mëttelpunkt an de Concours gëtt dem Carlo Hommel gewidmet.
E Sonndeg live um Opus - Concert mat der Deutsche Radio Philharmonie
Fir déi 1. Matinée aus der neier Saison 26/27 geet et fir déi däitsch Radio Philharmonie (DRP) zu Saarbrécken direkt an den Olymp!
Anthony Hopkins: E Soundtrack vum eegene Liewen
Wéi den Hollywood-Schauspiller Anthony Hopkins dem Publikum en Abléck a seng Biographie gëtt? Duerch selwer komponéiert Orchestermusek!
Lëtzebuergerin dirigéiert an Irland
D'Véronique Bernar war eng Woch laang Assistent-Dirigentin beim Esker Festival Orchestra an Irland.
Erfarung sammelen a sech als Museker:in fannen - Wat ass den EUYO?
EUYO ass d’Ofkierzung fir European Union Youth Orchestra - zënter 50 Joer de Jugendorchester vun der Europäescher Unioun an ee méiglecht Sprangbriet fir Museker:innen zu Lëtzebuerg
Grenzen iwwerschreide mat der Musek: Orgelfestival Grande Région 2026
De Joachim Fontaine am Gespréich iwwer de neien Uergelfestival, dee fënnef Ecke vun der Groussregioun matenee verbënnt
“Once in a lifetime” – De Pit Ewen bléckt op seng Jore beim ONJ zeréck
Fir de Pit Ewen geet no Joren als President vum ONJ ee neit Kapitel am Mierscher Theater un. Hie schwätzt mam Opus iwwer d'Visioun vum ONJ, Erausfuerderungen a besonnesch Momenter
“Et ass einfach eng laang, intensiv Zäit” – Den ONJ op grousser Tournée
Tëschent dem 29. Juli an dem 02. August huet den ONJ dräi Concerten an dräi verschiddene Länner gespillt. En éischte Bilan zitt den ONJ am Opus Interview.