Wat mécht e Geiger zu Iechternach? Wisou huet den Hellege Willibrord en Danz ënnerbrach? A wat huet dat Ganzt mam Reenert ze dinn? Rieds ass vun der Lou Koster hirer bekannter Kompositioun “Der Geiger von Echternach”, dem Häerzstéck vun dëser Woch. De Jang Thill huet dem Luc Boentges en Abléck an dëst Wierk ginn, an deem eng ganz bekannt Melodie verschafft ass ...
Der Geiger von Echternach
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
En Ausschnëtt aus dem Cover vum Album vu Singer Pur mam Claude Weber an der Sandrine Cantoreggi (Foto: Oehms Classics)
mic_none
Presentéiert vum
- Jean Thill
Episoden
Der Geiger von Echternach
Dat bekannt Wierk vun der Lou Koster
Dat eenzegt erhalent Wierk mat Orchester vun der Clara Schumann
Op hirem 130. Doudesdag ass d'Häerzstéck der Clara Schumann gewidmet. Et geet ëm hire Pianosconcerto, Op. 7, dee vill iwwer hiert Liewe verréit.
Wéi en Adventskalenner mat Insekten
Wat verstoppt sech hannert der Kompositioun "Insect Hotel" vum Claude Lenners?
Sinfonie no 102 Joer gespillt, duerch der Komponistin hiren Enkel
Sinfonie an Do dièse Mineur, Op. 10 "Grande Guerre" vun der Charlotte Sohy (1887-1955)
Louis Beicht - D'Joffer Marie Madeleine
Eréischt rezent hate mir am Häerzstéck de Lëtzebuerger Komponist Laurent Menager mat dobäi. Elo zitt et eis da bei säin "Noper", de Louis Beicht.
Laurent Menager - Sträichquartett op.1
Eist Häerzstéck vun dëser Woch kënnt aus Lëtzebuerg vum Stater Komponist Laurent Menager (1835-1902) - Säi Sträichquartett op.1 a La Majeur
"Metropolis Symphony" vum Michael Daugherty
De Lex Luthor dreift säin Onwiesen zu Metropolis.
Sinfonie Nr.31 vum Mozart - eng "Roadtrip" Kompositioun
Mir schreiwen d'Joer 1778. De Mozart ass 21 Joer jonk a mécht sech mat senger Mamm op eng zweet Rees op Paräis. Et entsteet seng "Paräisser Sinfonie", de KV. 297 oder Sinfonie N.31
Triosonat No.3 vun der Élisabeth Jacquet de la Guerre
Talentéiert, inovativ a couragéiert
Dee scheinbare Spaass am "Rigoletto" vum Verdi
Viru genee 175 Joer gëtt den 11. Mäerz 1851 am Teatro La Fenice zu Venedeg dem Giuseppe Verdi säi "Rigoletto" uropgeféiert: "Le roi s'amuse". Oder awer net?
D'Sonat fir Piano vun der Cécile Chaminade
D'Musek vun der Cécile Chaminade gëtt dacks als einfach Salonsmusek ofgewäert. Mee d'Komponistin huet och héich virtuos Stécker komponéiert.
Déi komesch Ticke vum Anton Bruckner
Deen éisträichesche Komponist hat eng Obsessioun mat Wagner, mam Doud a mat den Zuelen.
"La Nuit et l’Amour" vun der Augusta Holmès
Gefillvoll, wagnerianesch, feminin
Dem Respighi seng Villercher
D'Suite fir klengen Orchester Gli uccelli zitt seng Inspiratioun aus der Barocker Traditioun fir déi musekalesch Duerstellung vun europäesche Villercher.
Saint-Saëns: Cello Concerto Nr. 1
E relativ kuerzt Wierk an engem Goss, dat de Solist exposéiert a virtuos fuerdert.
De Wagner Fan Boy
Den Anton Bruckner war e richtege Fan vum Richard Wagner. Wéi wäit seng Veréierung gaangen ass, dat fannt Dir am Häerzstéck vun dëser Woch eraus!
Eng gëttlech Sinfonie
D'Sinfonie Nr. 41 an Do majeur, KV 551 gouf nodréiglech Jupitersinfonie betitelt. Mee firwat eigentlech?
Nostalgie an Zäite vum Krich
De 7. Januar 1899, also haut virun 127 Joer ass de Francis Poulenc op d’Welt komm. Säi Stéck fir Piano Mélancholie ass eist Häerzstéck vun dëser Woch.
Och de Brahms war heiansdo veronséchert
Säi Concerto Op.77 ass de Gipfel vun der Geieliteratur. Mee laut verschidde Virtuose senger Zäit, anscheinend onspillbar an ouni Melodie.
Séiss Melodië mat engem batteren Hannergeschmaach
Dem Tschaikowsky säi Nussknacker gehéiert zum typpesche Chrëschtrepertoire. Wat déi meescht net wëssen: Am Hannergrond vu senger Entsteeung ass vill Drama passéiert.
- 1
- 2