Episoden
Starpianistin Anna Vinnitskaya mat Rachmaninow
Tëschent Romantik a Modern: D’Anna Vinnitskaya an de Rundfunksinfonieorchester Berlin mam Rachmaninow sengem 1. Pianosconcerto an dem Bruckner senger monumentaler 2. Sinfonie
Nei polnesch Musek
Fir den 100. Gebuertsdag vum polnesche Radio huet am Lutoslawski Studio zu Warschau e Concert mat véier Uropféierunge vu polnesche Komponiste stattfonnt.
Legenden an Temperamenter
Vu Frankräich iwwer Éisträich bis erop a Skandinavie geet et musikalesch mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern.
De verluerene Fuedem
Le siècle de Lucia / non trovo il filo ass e Poème-Opera no engem Libretto vum Jean Portante mat Musek vum Maurizio Spiridigliozzi an enger Mise en scène vum Claude Mangen.
Alles am Zeeche vum Pianostrio
De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof spillt mat der Geiistin Noa Wildschut an dem Pianist Nikola Meeuwsen Pianostrioen vum Haydn an Tschaikowski.
Hommage un de Carlo Hommel
De Carlo Hommel ass virun 20 Joer gestuerwen. Hie war Organist, Chouerleeder, Komponist, Enseignant a a fräie Mataarbechter vum Radio 100,7. Dëst ass e Concert-Hommage.
Véier Hänn, ee Piano
D'Pianistinne Kae Shiraki an June Lee spille 4-hännege Repertoire vu Mozart bis Debussy.
Luxembourg Chamber Players
Vun Dänemark iwwer Schwede bis a Russland
Europa danzt ...
Den European Union Baroque Orchestra presentéiert extravagant Danzmusek aus Frankräich, England an Däitschland, komponéiert vu Rameau, Purcell, Telemann a Bach.
The Dream of Gerontius vum Edward Elgar
De Cristian Măcelaru dirigéiert eent vun de Meeschterwierker vum Edward Elgar, säi Vokalwierk "The Dream of Gerontius", an der Kölner Philharmonie.
Dräi jonk Museker um Buerglënster Festival
De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof trëtt mat zwee Frënn op: mam Pianist Marco Sanna a mam Geiist Ruslan Talas
Kammerata Luxembourg am Veianer Schlass
"Ernstes Spiel - gespielter Ernst” ass de Motto vum Ofschlossconcert vun de MusicDays Vianden 2025.
Dem Bach seng Meeschterwierker
De Raphael Pichon mécht säin Debut mat de Berliner Philharmoniker a presentéiert ënner anerem d'Mass a Si bémol Mineur vum J.S. Bach.
D'Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025
"The orchestra: a body of sound", den Orchester als Klangkierper, dat war de Motto vun engem Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker bei de Rainy Days 2025.
Rencontre musicale
An der Concertsbeschreiwung gouf scho kloer: dëse Concert ass eng Raritéit. An dat geet schonn aus der Besetzung selwer ervir: Harf mat Blechbléiser.
Orchestre de Chambre du Luxembourg live aus der Philharmonie
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg spillt Wierker vum Ravel a vum Hayden an interpretéiert eng Uropféierung vum Markus Brönnimann.
Märerchersstonn mam OCL
E märchenhafte Concert vum Orchestre de Chambre de Luxembourg ënner der Baguette vum Mariano Chiacchiarini mat Erzielungen vun der Milla Trausch
Fokus op dem Verdi säi Requiem
Ronn 90 Minutte Musek als Undenken un den italieeneschen Auteur Alessandro Manzoni, oder awer un den Gioacchino Rossini?