Panorama

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

1. Mat engem ambitiéisen Energie- a Klimaplang wëllt d'Regierung géigesteieren, e ganze Pak u finanzielle Mesuren soll den Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen ënnerstëtzen. Parallel soll d'CO-Tax schrëttweis erhéicht ginn

2. Den 8. Mee sollen d'Eisebunnslinnen Ettelbréck-Kautebaach respektiv Kautebaach-Wolz nees opgoen, dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch gëschter confirméiert. Fir d'Reouverture vun der Streck Kautebaach-Klierf, wou en Tunnel agefall war, gëtt et nach keen Datum

3. De Prozess Lunghi-RTL gouf op en Neits verluecht: Ee vun den Ugeklote konnt wéinst gesondheetleche Grënn net derbäi sinn, hien insistéiert awer fir seng Ausso viru Geriicht ze maachen. De Prozess hat Enn Februar scho misse verluecht ginn, well en Affekot gesondheetlech Problemer hat

4. En Appell u China sech un international Reegelen ze halen an un de Sudan d'Gewalt am Land direkt ze stoppen: D'G7 Staaten hu gëschter a Japan e Schlussdokument verëffentlecht. Et ass een och zu weidere Sanktioune géint Russland bereet

5. D'Rentereform war inevitabel, soss wieren d'Renten erofgaangen oder d'Cotisatiounen erop, esou de franséische President Emmanuel Macron gëschter a senger Televiounsried. Hien huet versprach op d'Patronen an op d'Gewerkschaften duerzegoen

6. Plainte géint Taxonomie: Verschidden Ëmweltorganisatioune kloen virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Aklasséiere vu Gas an Atomenergie als nohalteg Energieformen. Och Éisträich a Lëtzebuerg haten eng Plainte géint déi sougenannt EU-Taxonomie agereecht

7. Am Bundesstaat Missouri an den USA gouf elo ee 85 Joer ale Mann ugeklot, hien hat duerch eng Dier op e jugendlechen Afroamerikaner geschoss, well deen iertemlecherweis u senger Dier geschellt hat. Dee 16 Joer ale Bouf gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert

8. An der Fussball Champions League sinn haut d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen, Chelsea spillt géint Real Madrid a muss en 2-0 Retard ophuelen, Neapel trëfft op AC Mailand, Mailand hat hei am aller Match 1-0 gewonnen

Episoden

headphones

7 min

play_arrow

Moiespanorama

Indorama zu Stengefort / Nei kontrovers Aussoe vum Donald Trump / Groussen Optrëtt vum Cap-Vert op der Fussball-WM
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

Fermeture vun Indorama: Entrevue nächst Woch mat Ministere Spautz an Delles / Verschidde Geriichtsprozedure solle méi séier goen / Xavier Poos gëtt neien Direkter vum ONA
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

2.000 Doudeger duerch d'Canicule a Frankräich / Begréngung géint Hëtzt an de Stied / Däitsche Fussballnationalekipp-Trainer Nagelsmann kënnegt Récktrëtt un
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Entreprenariat zu Lëtzebuerg / Aussoe vum Donald Trump zu der Ukrain an der NATO / Basket-EM-Prequalifikatioun a Fussball-WM
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Entreprenariat zu Lëtzebuerg / Aussoe vum Donald Trump zu der Ukrain an der NATO / Basket-EM-Prequalifikatioun a Fussball-WM
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Äisskulptur-Prozess: Ee Joer Prisong mat Sursis fir Kënschtler / Läich zu Märel: Affer war Belsch / Hëtzt an Dréchent: Bëschbrand a Südfrankräich a Canicule an den USA
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Dr. Wilmes bleift suspendéiert / Taux de Reussite vu 74 % bei Premièresexamen / Google muss 4,1 Milliarden Euro Strof bezuelen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Wolt: Gewerkschaften enttäuscht no Entrevue gëschter / Venezuela: Zuel un Doudesaffer duerch Äerdbiewe klëmmt op 2.300 / WM: USA, Belsch an England an der Aachtelsfinall
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Wolt: Gewerkschaften enttäuscht no Entrevue gëschter / Venezuela: Zuel un Doudesaffer duerch Äerdbiewe klëmmt op 2.300 / WM: USA, Belsch an England an der Aachtelsfinall
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Wéi resilient sinn d‘Lëtzebuerger:innen a wat sinn hir Suergen? / Internet: Kanner ëmmer méi am Viséier vun Internetkriminellen / CPTE no 8 Méint nees zesummen
headphones

15 min

play_arrow

Mëttespanorama

Indorama Ventures mécht zou a wëllt 95 Leit entloossen / Cargolux muss 1,15 Milliounen Euro Geldstrof bezuelen / Weltmierer sinn ongewéinlech waarm
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Prozess géint Operateur vum 112: Urteel an zwou Wochen / Klimaerwiermung: Mierestemperatur am Juni esou héich wéi nach ni / Fussball-WM: Norwegen, Frankräich a Mexiko si weider
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Prozess géint Operateur vum 112: Urteel an zwou Wochen / Klimaerwiermung: Mierestemperatur am Juni esou héich wéi nach ni / Fussball-WM: Norwegen, Frankräich a Mexiko si weider
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Chambre de Commerce: Vertraue vu Betriber um Déifpunkt / ILR: nach ni esouvill eegene Stroum verbraucht wéi lescht Joer / Maison du Grand-Duc: 5 Milliounen Euro fir Trounwiessel
headphones

11 min

play_arrow

Mëttespanorama

Stad Lëtzebuerg schafft u Plan canicule / Zu Déifferdeng gëtt déi éischt Strooss mat Biokuel gebaut / Lëtzebuerg schéckt weider Hëllef a Venezuela
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Waasserschutzzonen: Ëmweltminister wëllt do Pestizide verbidden / Schéisserei Niedersachsen: Sträit ëm Gard vu Kand wuel d'Motiv / Fussball-WM: Däitschland an Holland sinn eraus
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Waasser-Schutzzonen: Ëmweltminister wëll do Pestizide verbidden / Schéisserei Niedersachsen: Sträit ëm Garde vu Kand wuel d'Motiv / Fussball WM: Däitschland an Holland sinn eraus
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Däitschland: 5 Doudeger bei Schéisserei a Jugendhëllef-Struktur / Märel: 27-Järegen no Messerugrëff dout fonnt/ Wëlldéierestatioun Diddeleng ka keng Déiere méi ophuelen
headphones

14 min

play_arrow