Panorama

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

1. Mat engem ambitiéisen Energie- a Klimaplang wëllt d'Regierung géigesteieren, e ganze Pak u finanzielle Mesuren soll den Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen ënnerstëtzen. Parallel soll d'CO-Tax schrëttweis erhéicht ginn

2. Den 8. Mee sollen d'Eisebunnslinnen Ettelbréck-Kautebaach respektiv Kautebaach-Wolz nees opgoen, dat huet de Mobilitéitsminister François Bausch gëschter confirméiert. Fir d'Reouverture vun der Streck Kautebaach-Klierf, wou en Tunnel agefall war, gëtt et nach keen Datum

3. De Prozess Lunghi-RTL gouf op en Neits verluecht: Ee vun den Ugeklote konnt wéinst gesondheetleche Grënn net derbäi sinn, hien insistéiert awer fir seng Ausso viru Geriicht ze maachen. De Prozess hat Enn Februar scho misse verluecht ginn, well en Affekot gesondheetlech Problemer hat

4. En Appell u China sech un international Reegelen ze halen an un de Sudan d'Gewalt am Land direkt ze stoppen: D'G7 Staaten hu gëschter a Japan e Schlussdokument verëffentlecht. Et ass een och zu weidere Sanktioune géint Russland bereet

5. D'Rentereform war inevitabel, soss wieren d'Renten erofgaangen oder d'Cotisatiounen erop, esou de franséische President Emmanuel Macron gëschter a senger Televiounsried. Hien huet versprach op d'Patronen an op d'Gewerkschaften duerzegoen

6. Plainte géint Taxonomie: Verschidden Ëmweltorganisatioune kloen virum Europäesche Geriichtshaff géint d'Aklasséiere vu Gas an Atomenergie als nohalteg Energieformen. Och Éisträich a Lëtzebuerg haten eng Plainte géint déi sougenannt EU-Taxonomie agereecht

7. Am Bundesstaat Missouri an den USA gouf elo ee 85 Joer ale Mann ugeklot, hien hat duerch eng Dier op e jugendlechen Afroamerikaner geschoss, well deen iertemlecherweis u senger Dier geschellt hat. Dee 16 Joer ale Bouf gouf liewensgeféierlech um Kapp blesséiert

8. An der Fussball Champions League sinn haut d'Retourmatcher vun de Véierelsfinallen, Chelsea spillt géint Real Madrid a muss en 2-0 Retard ophuelen, Neapel trëfft op AC Mailand, Mailand hat hei am aller Match 1-0 gewonnen







Episoden

Mëttespanorama

Optakt vu Poopstvisite a Frankräich / Otemweeinfektiounen huelen zou / Xavier Bettel verdeedegt Friedman-Decisioun
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Drone-Pressekonferenz: schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung / Optakt vun der Popstvisitt am Frankräich / UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Drone-Pressekonferenz: Schaarf Kritik un der Kommunikatioun vun der Regierung / Optakt vun der Poopstvisitt a Frankräich / UN: Tumult wärend der Ried vum B. Nethanjahu
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

No Dronevirfall: Sécherheetsproblem mee keng reell Gefor / Oppositioun kritiséiert Kommunikatioun vun der Regierung / CNN, MS NOW a POLITICO dierfen nach ëmmer net an d'Wäisst Haus
headphones

9 min

play_arrow

Mëttespanorama

Wéineg nei Informatiounen zu Drohnenvirfall / Prisonnéier am centrr hospitalier neuro-psychiatrique verscheed / Wunnengsmarché dréint méi lues
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier / Weider Rieden op der UN-Vollversammlung / Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Spuetestéch bei der SES op der Kockelscheier / Weider Rieden op der UN-Vollversammlung / Riichter stoppt dem Trump säi Blockage vu verschiddene Medien
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Leit mat allocation de vie chère kënne vu Januar un en E-Auto fir 15 Euro de Mount leasen / ACEL fuerdert méi Studentewunnengen / USA erlabe keng Walobservateure fir Miderms
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Iranesche Präsident zu New York ukomm / EU-Kommiisoun wëll 4,2 Miliarden Euro fir Ungarn fräi ginn / OCDE erhéicht Wuesstëmsprognosen
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

UNO-Vollversammlung: Ried vu Grand-Duc Guillaume / E-Mobilitéit: Leasing social soll kommen / CDU: Friedrich Merz soll fir elo mol bleiwen, sot de Patrick Schnieder (CDU) bei 100,7
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

UNO-Vollversammlung: Ried vu Grand-Duc Guillaume / Elektromobilitéit: Leasing social soll kommen / Ukrain: Kritik well Oligarche vu Sanktiounslëscht geholl goufen
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

UNO-Vollversammlung: Trump verdeedegt Iran-Krich / EU verlängert Sanktiounen géint Israel / US-Airbase Spangdahlem an der Äifel: Militärfliiger erofgefall
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Arméischef Thull: Drone keng Gefor fir d’Populatioun / Stad Lëtzebuerg wëllt bis 2050 klimaneutral ginn / Grand-Duc hält haut eng Ried virun UNO-Vollversammlung
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Arméi-Chef: Dronen, déi hei gesi goufen, wire keng direkt Gefor fir d‘Populatioun / Findel: Fluchtrafic gëschter Owend nees eng knapp Stonn laang wéinst Drone gestoppt
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Findel: Fluchtrafic gëschter Owend nees eng knapp Stonn laang wéinst Drone gestoppt / New York: Grand-Duc Guillaume hält Ried bei der Generaldebatt vun der UNO Vollversammlung
headphones

12 min

play_arrow

Owespanorama

Finanzministère: Staat verkeeft BIL-Parten net / Deputéiert zu Drone-Virfäll / Joresrapport ILR / Vëlodrom zu Munneref soll 2028 fäerdeg ginn
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Dronevirfäll: bis elo keng weider Detailer oder zousätzlech Informatiounen / Chômagetaux am August op 6,5% geklomm / SPAL fuerdert en effikassen a konstruktive Sozialdialog
headphones

14 min

play_arrow

Moiespanorama

Mecklenburg-Vorpommern: AfD wënnt Landtagswal, CDU net méi am Parlament / Berlin: Die Linke ass Walgewënner / Dronen: Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg verstäerkt
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Mecklenburg-Vorpommern: AfD gewënnt Landtagswal, CDU net méi am Parlament / Berlin: Die Linke ass Walgewënner / Dronen: Iwwerwaachung zu Lëtzebuerg verstäerkt
headphones

12 min

play_arrow