Presserevue

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Am Lëtzebuerger Land beschäftegt de Romain Hilgert sech mam CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden: Ënner dem Luc Frieden als Minister wier d'Schold vum Zentralstaat vu 692 Milliounen Euro op ronn 9,5 Milliarden Euro geklommen.


"Vive le Brésil!", esou huet den David Marques säin Editorial am Quotidien iwwerschriwwen: hie beschäftegt sech mat der rezenter Rees vu Vertrieder vu fënnef Lëtzebuerger Parteien a Brasilien. Den ekologeschen a finanzielle Bilan vun dëser "opération séductioun" en vue vun de Chamberwale géif fir Polemik suergen.


Auslännesch Matbierger musse vum Walrecht bei de Gemengewale Gebrauch maachen: där Meenung ass d'Anne Ludwig am Tageblatt-Editorial mam Titel "Für mehr Demokratie".


D'Zäit vun der Illusioun ass definitiv eriwwer, a Peking wëllt ee Käil tëschent d'Europäesch Unioun an d'USA dreiwen: déi Meenung vertrëtt d'Françoise Hanff am Lëtzebuerger Wort.

Episoden

Presserevue

Mam Haaptsujet 1. Mee-Feiere vun LCGB an OGBL
headphones

3 min

play_arrow

Editioun 08:15

En explosiven Éischte Mee, d'Nowéie vun Tschernobyl an dat grousst Spill fir 2028, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng schlecht Zensur fir den ONA (Office national de l'accueil), den Enjeu vun der Tripartite, en Eelefmeter dee muss eran, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

E verloossent Schlass, en neie Stär um Kachhimmel a Sträit ëm eng Vëlospist, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Den Dossier Sportsmusée, de CNA a seng Problemer an oppe Grenze mat Däitschland, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Tripartite, d'Affär Wilmes an déi international Energiekris mat hire Konsequenzen, ënner anerem och fir d'Touristen elo am Summer, sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Affär Wilmes bleift an de Schlagzeilen, de Premier Luc Frieden stäipt der Gesondheetsministesch, no dem Philippe Wilmes senger Pressekonferenz, e Freideg, de Réck.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Wéi vill Geld huet e Lëtzebuerger Stot, Lëtzebuerger Responsabilitéit an der Groussregioun an e remarkabelt Urteel a Saache Pressefräiheet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Marc Spautz zum Éischte Mee, d'Regierung virun enger schwiereger Tripartite an de Räichtum vun de Lëtzebuerger
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vum Weekend

Joyeuse entrée zu Esch fir déi groussherzoglech Koppel a Pressekonferenz vum Orthoped Philippe Wilmes dominéieren d'Une vun de Lëtzebuerger Zeitungen.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Eng kruzial Tripartite, Ökozid als Verbriechen an en Interview mam CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng kruzial Tripartite, eng nei Verteidegungslinn an d'Pëtrolskris als Chance, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

E Premier ënner Drock, de Protein-Hype an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'TheEmen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Premier ënner Drock, een Dokter mat medialen Ambitiounen an eng Demissioun am Kulturbetrib, dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Kënnt eng Tripartite, den Dr. Wilmes bleift suspendéiert an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

Kënnt eng Tripartite, den Dr. Wilmes bleift suspendéiert an eng retouchéiert Foto, dat sinn d'Theemen an eiser Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Méi héich Strofe bei ze héijer Vitesse, Kritik un den neie roude Luuchten am Rond-Point bei der A13 zu Diddeleng an de Shitstorm wéinst de Reeboufaarwen op enger Vëlospiste
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

De Sportsmusée kéint en Nospill och fir aner Ministeren hunn: e Rapport vun der IGF vum leschte Joer weist, datt d'Regierung schonn éischter vun Onreegelméissegkeete wosst.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8h15

An de leschte 40 Joer sinn déi niddereg Akommes manner séier geklomme wéi déi héich, an zu Konsdref hu sech zwee Wäiss Storchen niddergelooss, wat ganz rar ass.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

D'Paulette Lenert erkläert, firwat si an de Staatsrot wëllt an d'Apdikter si besuergt, well vill an Apdikten agebrach gëtt.
headphones

4 min

play_arrow