Presserevue

Vun enger "gewoter Strategie" schreift haut d'Lëtzebuerger Wort: an der Corona-Kris géif Lëtzebuerg vill testen a géif awer zum Risiko-Gebitt deklaréiert ginn. Vum Auswärtigen Amt zu Berlin koum jo gëschter eng Reeswarnung: vun "net noutwendegen" Openthalter zu Lëtzebuerg gouf ofgeroden.


Déi méi héich Infektiounszuelen hätten als Konsequenz, datt d'Robert-Koch-Institut, Lëtzebuerg als Risikoland klasséiert huet a viru Reesen an de Grand-Duché gewarnt gëtt.


Wien an Däitschland reest, misst eng Quarantän a Kaf huele, warnt d'Lëtzebuerger Wort. D'Grenze géifen awer op bleiwen.


D'Entscheedung aus Däitschland, dierft d'Pläng vu villen Touristen aus Lëtzebuerg iwwert de Coup geheien. Däitsche wiere just nach kuerz Visitte vu maximal dräi Deeg zu Lëtzebuerg erlaabt.


Fir Grenzgänger géifen et keng Limitatioune ginn, notéiert d'Wort.


Le pays placé en isolement", esou dann den Titel vum David Marques sengem Editorial am Quotidien.


Den Isolement vu Lëtzebuerg wier haut e Fakt: déi éischt gréisser "Post-Noutstand-Epreuve" géif op d'Regierung waarden.


Den Editorialist schreift vun engem "beonrouegende Bilan" bei den Nei-Infektiounen an Hospitalisatiounen hei am Land, mat als Konsequenz de Reaktiounen aus der Belsch an aus Däitschland.

Episoden

Editioun 8:15

Jongpolitiker wëllen d'Demokratie retten an ee Kulturminister, dee sech ageschafft huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

3 min

play_arrow

Editioun 07:15

Jongpolitiker wëllen d'Demokratie retten an ee Kulturminister, dee sech ageschafft huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 8:15

Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

Eng Datz bei der Pisa Etüd, a wéi d'Finanzplaz vum Brexit profitliert huet: Dat sinn d'Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08:15

Sinn déi nei hëlzen Eisebunnsschwellen aus Tropenholz, déi d'CFL verluecht huet, zertifizéiert? Recherche vum Tageblatt no bestéingen do Zweiwel
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Zeitunge sinn entsat iwwer d'Walvictoire vun der AfD a Sachsen-Anhalt a si maachen déi etabléiert Parteien dofir responsabel, well déi d'Bierger am Stach gelooss hunn
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08:15

Et gouf eng gréisser Cyberattack bei der Firma BMS Engineering, déi Software fir Dokteren entwéckelt a perséinlech Donnéeë vun de Patienten traitéiert
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Geschicht an Däitschland widderhëlt sech, den antifaschistesche Konsens ass eriwwer, de Kanzler wackelt, dat si Kommentaren an den Zeitungen zu der Walvictoire vun der AfD
headphones

6 min

play_arrow

Lëtzebuerger geschriwwe Press mécht haut op mat der geplangter Rees vum Poopst op Metz, der Energiewend beim Hëtzen an der Luxairstrategie
headphones

5 min

play_arrow

headphones

5 min

play_arrow

Editioun 07:15

De Schoulsall als salle d'attente, d'Luxair an de Klimabilan an d'FLF wëll hier Talenter behalen, dat sin d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

E Nofollger fir den Johhny Chicago, eng Assurance fir den Auto dee selwer fiirt an en Elefant mat Flilleken am Raum, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07:15

D'Sich no der Tigermëck, den Overtourism a seng Konsequenzen an e gudd Drauwejoer, dat sinn d'Themen an der Presserevue
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 08h15

De Luxtrust-Bedruchsfall kënnt viru Geriicht, den Affekot vun de 40 Affer bedauert, datt d'Banken net méi hëllefsbereet ware mat hire Clienten
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07h15

Wéi e Klimawandel mam bloussen A ka gesinn, dat weist de Quotidien senge Lieser, d'Zeitung huet nämlech Satellittebiller auswäerte gelooss, op deene bal nëmme brong ze gesinn ass
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 08h15

Studenten hunn hei zu Lëtzebuerg nach ëmmer mat engem Wunnprobleem ze kämpfen, et géif e grousse Manktem u Wunnenge fir Studente ginn, seet d'ACEL
headphones

4 min

play_arrow

Editioun 07h15

Et huet gebrannt am Benu Village zu Esch, scho fir d'zweete Kéier, d'Ursaach ass net bekannt, mee an der geschriwwener Press gëtt Brandstëftung net ausgeschloss
headphones

4 min

play_arrow

Wiessel un der Spëtzt vun der KPL, Tëschebilan vum Kulturminister Eric Thill an neit Déierenasyl zu Diddeleng sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press
headphones

6 min

play_arrow