Panorama


De Regierungsrot huet haut gréng Luucht ginn fir déi sougenannten "douzième provisoires", déi dem Staat sollen erlaben weider ze fonctionnéieren bis de Budget 2019 steet

Fir de Fall vun engem "no deal" beim Brexit kritt de Lëtzebuerger Ausseministère e Joer laang zousätzlecht Personal zur Verfügung gestalt

De Xavier Bettel reagéiert op d'Kritike vun der EBU: hie wéilt sech no de Koalitiounsverhandlunge mam Personal vum Radio 100,7 a mat der zoustänneger Chamberkommissioun zesumme setzen

Den aktuellen Direkter vum radio 100,7, de Jean-Paul Hoffmann, ass vum 15. Dezember u Chef vun der Kommunikatioun bei der Uni Lëtzebuerg

D'Cécile Hemmen trëtt zréck als Buergermeeschtesch vu Weiler la Tour, wien hir Successioun iwwerhëlt ass nach onkloer

De Christian Oberlé ass haut vum Sozialminister Romain Schneider als neie President vun der Gesondheetskeess vereedegt ginn

Den OGBL sicht urgent eng Entrevue mam wallounesche Premierminister Willy Borsus, fir op déi sozialrechtlech Problemer bei enger Augmentatioun vum Télé-travail fir belsch Frontalieren hinzeweisen

D'Virbereedungsaarbechten an der Avenue de la Liberté an Avenue Emile Reuter fir déi nächst Etapp vum Tram fänken d'nächst Woch e Méindeg un

Lëtzebuerg kéint net unilateral decidéieren keng Demandeurs d'asyle méi zréck an Italien ze schécken - esou d'Reaktioun vum Ausseminister op Kritik vun der asbl Passarell

Den Owend soll d'Ratingsagentur Standard and Poors eng Evaluatioun vun den italienesche Staatsfinanzen publizéieren

An der Tierkei ass en däitsche Mann zu 6 Joer Prisong veruerteelt ginn. Him gouf virgehäit, Member vun enger terroristescher Organisatioun ze sinn

A Florida ass eng Persoun an Zesummenhang mat de suspekte Päck festgeholl ginn

Am Gazasträif sinn haut op en Neits Mënsche bei Demonstratioune vun israeleschen Zaldoten erschoss ginn

Futtball: 9. Spilldag an der Bundesliga, 11. an der Ligue 1


Episoden

Panorama

Mat ë.a. de Sujeten nei Nationalarchiven um Belval, weider Manifestatiounen haut a Frankräich an europäesche Fussball
headphones

8 min

play_arrow

Owespanorama

Esch: Steier op eidele Wunnengen decidéiert / Yvelines: Mann erschéisst eng Persoun aus Auto / Zäitëmstellung: EU Kommissioun mécht nei Etüd fir se eventuell ofzeschafen
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Luc Marteling gët neien CNA-Direkter / Phishing-Attack an de lëtzebuerger Lycéen / Een Doudegen bei Schéisserei zu Paräis
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Prix Marcel Duchamp fir Kënschtlerduo Brognon-Rollin / Enquête iwwer interne Bedruch bei der Spuerkeess / Avant-Projet détaillé iwwer d'Südspidol ass fäerdeg
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Prix Marcel Duchamp fir Kënschtlerduo Brognon-Rollin / Enquête iwwer interne Bedruch bei der Spuerkeess / Avant-Projet détaillé iwwer d'Südspidol ass fäerdeg
headphones

10 min

play_arrow

Owespanorama

Méiglechen interne Bedruch bei der Spuerkeess / Bis 2030 sollen 1,7 Millioune Beem geplanzt ginn / Internationale Strofgeriichtshaff kritt Sacharow-Präis

Mëttespanorama

Google-Datenzenter virum Verwaltungsgeriicht / Strukturell reformen bei der CNS / Selenski d'accord mat Afréieren vu Frontlinn
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen / Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert / Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert
headphones

11 min

play_arrow

Moiespanorama

Quadripartite: d'Cotisatioune kéinten erop goen / Lëtzebuerg ass vun de Problemer bei der Programméiersprooch PHP concernéiert / Tilly Metz als Vizepresidentin fir d'EP nominéiert
headphones

11 min

play_arrow

Owespanorama

Keng iwwerraschend Annonce bei Quadripartite / Audit Immigratiounsaffär: organisatoresch Schwächte bei GDIM / Ukrainkrich: méiglecht Dräiertreffen am November
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Lëtzebuergesch-Petitioun soll a Motioun afléissen / Regirung a Sozialpartner wëlle weider Energie-Mesüren / Aerderwaermung klëmmt op 2,8 Grad bis Enn des Jorhonnerts
headphones

13 min

play_arrow

headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Tripartite: Energie-Hëllefe gi verlängert, sou de Premier / Frankräich: Preparatioune viru nächster Manif / Russland: US Emissär Witkoff soll Waldimir Putin begéinen
headphones

13 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Kardiolog an Untersuchungshaft, Preparatioun op nächst Manifestatiounen a Frankräich an Ufank vum 3. Spilldag an der Ligaphas vun der Fussball-Champions League
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Chômage am September weider bei 6,5% / Reunioun vum Comité de suivi Tripartite de Mëtteg / Kritik um Jugendpakt
headphones

16 min

play_arrow

Moiespanorama

Philharmonie: Verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro / Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider Entlaaschtunge fir d‘Leit / Frankräich: Éischt Ausgangsspären a Kraaft
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Philharmonie: Verdächteg Bankoperatioune vun 160.000 Euro / Suivi Tripartite: Gewerkschafte fuerdere weider Entlaaschtunge fir d‘Leit / Frankräich: Éischt Ausgangsspären a Kraaft
headphones

12 min

play_arrow

Panorama

Mat ë.a. de Sujete Vignette belsch Autobunnen, neie Pakt fir d'Jugend a politesch Répercussioune vun de Manifestatioune vun e Samsden a Frankräich
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

De véierte Jugendpakt gouf presentéiert / No Eclat um EU-Sommet: Oppositioun stäipt Frieden de Réck / Protester: zu Paräis ass d‘Krisecellule nees zesummen
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Macron: Huet zur Rou opgeruff no Gewalt bei Protester / Virun Tripartite: Oppositioun ass ënnerschiddlecher Meenung zu eventueller Verlängerung vu Subventioune vu fossillen Energie
headphones

11 min

play_arrow