Mobilitéit

Zodi an der Chamber: Ass de séieren Tram séier an den Arrêt Steebrécken néideg?

Gëtt de Projet vum séieren Tram sengem Numm wierklech gerecht? Ënner anerem ëm déi Fro ass et an der Chamberkommissioun Mobilitéit gaangen. Do hunn d’DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an déi Responsabel vu Luxtram hire Projet fir de séieren Tram presentéiert.

auto_stories

2 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

Den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten huet kritiséiert, datt de séieren Tram vu Bieles bis an d’Stad ze laang brauch. Déi Responsabel vum Projet rechne mat ronn 33 Minutten Trajet vu Bieles bis bei de Stade de Luxembourg. 

An den Ae vum Yves Cruchten géif de séieren Tram doduerch keng reell Alternativ zu aneren Transportmëttel, wéi dem Auto oder dem Zuch, duerstellen. De Luxtram Direkter Helge Dorstewitz, war mat där Ausso net d’Accord a gesäit Parallellen zum Bau vun der éischter Tramslinn.

"Wenn Sie sich noch einmal an die Diskussion erinnern, die wir bei der Linie 1 hatten, wo wir eine Reisezeit vom Flughafen bis zum Stadion von, ich glaube, insgesamt 43 Minuten im Moment haben, hatten wir dieselbe Diskussion. Da war auch die Diskussion, wer wird das tun, wer wird diese Verbindung nutzen. Und wenn ich heute sehe, dann ist die Antwort, es nutzen jeden Tag über 125.000 Leute diese Verbindung."

D’Käschte vum Projet fir de séieren Tram huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes de Moien iwwerdeems op op d'mannst 900 Milliounen Euro geschat.

Pirate froen sech op ee mat engem gewëssenen Arrêt net just dem Promoteur wëllt e Gefale maachen

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen stéiert och den Arrêt zu Steebrécken. Hien huet op en Neits d’Decisioun hannerfrot, fir den Arrêt op déi aner Säit vun der Autobunn, direkt nieft de nei gebaute Multifunktiounszenter GridX ze verleeën.

Dat war um Ufank vum Projet net esou virgesinn. Doduerch géif dem Promoteur e Gefale gemaach ginn an zousätzlech Käschten entstoen, huet de Marc Goergen kritiséiert. D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet déi Decisioun awer verteidegt an als eenzeg richteg Léisung bezeechent.

"Wat mer hei maachen ass, dass deen Tram bei d'Leit geet, bei d'Besoine geet, do wou d'Leit sinn, do wou d'Leit schaffen, do wou d'Leit iessen, do wou d'Leit owes erausginn, do wou se an de Concert ginn an net op där anerer Säit. An dat gëtt vun alleguerten deene Buergermeeschteren, déi hei concernéiert sinn, och esou begréisst. An nëmmen dowéinst maache mer dat."

Och fir den Arrêt op der anerer Säit vun der Autobunn ze baue géif  an hiren Ae kee Sënn maachen, well een do net op där Plaz wier wou den Tram genotzt géif ginn. Den éischte séieren Tram soll iwwerdeems Enn 2031 bis op Steebrécken fueren.