Politik

Virum Vott vun der Steierreform: DP zefridde mam Projet - Sozialisten anerer Meenung

D‘Regierungspartei DP mécht Reklamm fir d‘Steierreform: 85 Prozent vun de Leit hätten Interêt an déi nei Steierklass ze wiesselen. D'LSAP gesäit dat anescht. Grad déi Leit, déi et am mannste bräichten, géife mat dëser Reform entlaascht ginn. D'Sozialiste wäerten d'Steierreform net matstëmmen.

auto_stories

3 min

(v.l.n.r.) Barbara Agostino, Patrick Goldschmidt, Corinne Cahen, Mandy Minella | © Serge Kesseler
(v.l.n.r.) Barbara Agostino, Patrick Goldschmidt, Corinne Cahen, Mandy Minella (Foto: Serge Kesseler)

Et soll ee sech net wéinst de Steieren, mee nëmmen aus Léift bestueden: Dat huet de Patrick Goldschmidt (DP) recommandéiert, zwee Deeg éier d’Steierreform an der Chamber gestëmmt gëtt. Dem Deputéierten no soll de Staat d’Liewenentscheedunge vun de Leit net iwwer d’Steierklass bewäerten. 

D’DP wier deemno "ganz frou", datt mat der Reform vun der Besteierung vum Revenu vu physesche Persounen déi eenheetlech Steierklass kënnt. Dës Reform soll den 1. Januar 2028 Realitéit ginn. Dozou de Patrick Goldschmidt de Moien op enger Pressekonferenz vun der DP-Fraktioun:

"Et kann ee soen, datt de Gros vun de Leit, ech géif soe 85 Prozent vun de Contribuabelen, haut oder 2028 Interêt hunn an déi nei Steierklass ze wiesselen. An et ass fir déi, wou et sech net rechent, datt do awer déi Tëscheléisung, soe mir, vu 25 Joer gewielt ginn ass, dat heescht déi Iwwergangszäit, well mir deem natierlech och wëlle Rechnung droen, datt kee sollt verléieren."

Leit, déi sech virum Akraafttriede vun der Steierreform bestuet oder gepacst hunn, sollen net benodeelegt ginn, esou de Patrick Goldschmidt zur Période transitoire vu 25 Joer fir de Splitting.

Sue sollen zeréck an d'Wirtschaft fléissen

D’DP wier sech bewosst, datt dës Reform e Präis vun 800 bis 900 Milliounen Euro pro Joer hätt, deen awer dozou soll féieren, datt d’Bierger:inne méi Suen an der Täsch hunn: Suen, déi erëm an d’Wirtschaft solle fléissen, wat beispillsweis zu méi TVA-Recettë fir de Staat soll féieren.

Manner Steiere géif also net onbedéngt manner Recettë bedeiten, huet den DP-Deputéierte virgerechent.

De Patrick Goldschmidt huet sech och zefridde gewisen, datt de Finanzminister Gilles Roth (CSV) der DP bei der Viraarbecht fir d’Steierreform zënter 2013 vertraut hätt.

LSAP: Déi Räisch hätten et net néideg entlaascht ze ginn 

D’LSAP-Fraktioun huet eng Alternativ zu der Steierreform presentéiert, déi virun allem méi Jonker, Elteren a Care-Aarbechter entlaaschte soll. Déi vum Finanzminister Gilles Roth geplangte Steierreform wier net gerecht genuch. Dat hunn d’Deputéiert vun der LSAP Taina Bofferding, Franz Fayot, Ben Polidori a Georges Engel virun der Press erkläert.

Ben Polidori, Georges Engel, Taina Bofferding, Franz Fayot | © 100,7
Ben Polidori, Georges Engel, Taina Bofferding, Franz Fayot (Foto: 100,7)

Si géifen d’Individualiséierung vun der Regierung hirer Steierreform begréissen. Déi Räich géife mat der geplangter Reform entlaascht ginn, ma genee dës hätten dat net néideg, esou d’Fraktiouns Cheffin Taina Bofferding.

"Wa bei enger Steierreform de Bankdirekter däitlech méi entlaascht gëtt wéi säi Botzpersonal, ass dat wierklech déi sozial Prioritéit, déi dës Regierung wëll setzen?"

Hannert dëser Reform géif och eng fundamental Fro stoen: Wéi verdeele mer de Räichtum, deen eis Gesellschaft erschafft?

"Fir eis heescht dat ganz kloer sozial Gerechtegkeet. Dat ass eise Schwéierpunkt, fir eeben d'Leit ze ënnerstëtzen, déi Hëllef brauchen. An och vun deenen, déi eebe méi hunn, verlaange mer, datt si och genuch, geméisseg hirem Revenu, hire Capacitéiten och deementspriechende e Bäitrag un d'Gesellschaft leeschten." 

D’LSAP präziséiert iwwerdeems, datt si sech de Mëttwoch an der Chamber, bei der Ofstëmmung em d‘Steierreform, enthalen.