Um Parking bei der Schlittschongpist op der Kockelscheier stinn um 08:20 Auer e Freideg, obwuel et reent, eng zwielef Camper, zwee Autoen, déi vu bannen ofgedeckt sinn, an een Zelt. En Nolauschterer hat eis op d’Situatioun opmierksam gemaach.
D’Rideaue si bei deene Meeschten nach zougezunn. Eng franséisch Koppel klëmmt grad mat hirem Hond aus hirem Camper. Si wëllen awer net mat eis schwätzen.
"Camping-Paradäis mat negative Suitten"
E bësse méi wäit hanne sinn dräi Jugendlecher aus Holland amgaangen hiert Zelt anzepaken. Si erklären, datt si op engem Roadtrip sinn, an nëmmen duerch Zoufall op dës Plaz gestouss sinn. Datt déi Dräi hir Nuecht hei verbruecht hunn, obwuel den nächsten offizielle Camping mol net zwou Minutte vum Parking fort ass, hätt e Grond.
“Well, we couldn't find any other places. Other camping spots were too expensive for us.”
E Camping war hinnen also ze deier. Datt um Parking Kockelscheier weder d'Zelten nach d'Stationéiere mat engem Camper erlaabt ass, hu si a Kaf geholl.
Domat si si net déi eenzeg. Schonn zënter Méint iwwernuechte Leit sur Place, erzielt de Philipp Anton, deen an der Géigend schafft. Hie seet, datt sech d'Plaz um Bord vun der Stad an e Gratis-Camperparadäis verwandelt hätt, mat negative Suiten.
"Well keng sanitär Anlage sur Place sinn, ginn d'Leit dann halt hir Notdurft an de Bësch verriichten an d'Effekter vun den Hannerloosseschaften, déi gesäit een halt méi a méi. An et ass eng massiv Belaaschtung net just fir d'Natur, mee och fir d'Leit, déi do an hirer Fräizäit wollen ënnerwee sinn."
Op waarmen Deeg sténk et fierchterlech
Et gesäit ee virun allem Toilettëpabeier an aner Hygiènesartikelen, déi an de Bësch geheit goufen. Niewent dem Knascht géif och de Geroch op deene méi waarmen Deeg stéieren, seet de Philipp Anton. Hien hat sech dowéinst scho bei der Stad beschwéiert.
Futtis Barrière misst gefléckt ginn
De Stater Schäffe Maurice Bauer erkläert am 100,7-Interview, datt een iwwer d’Situatioun Bescheed wéisst, et awer schwiereg wier d'Wëll-Camper momentan an de Grëff ze kréien. Hie féiert et engersäits op déi futtis Barrière zeréck, déi gefléckt misst ginn.
Ob dat eleng hëlleft wier awer onkloer. Wichteg ass senger Meenung no och de Niveau vun der Signalisatioun.
"Fir dat nach eng Kéier méi kloer ze maachen, datt et verbueden ass do ze parken. An dann si mer amgaangen, zesumme mat eise Servicer ze kucke wéi eng aner Moossname mer kënnen huelen, déi eis erlaben, datt do Campingcaren net méi erafueren. Mee dat musse mer lo kucke wéi dat alles méiglech ass.”
Als Tëscheléisung gëtt eng Dixi-Toilette installéiert
An der Tëschenzäit bréicht et eng Léisung op kuerz Dauer. Fir dem Problem vum Gestank an der Verknaschtung vum Bësch entgéint ze wierken, géif d'Stad Lëtzebuerg elo en Dixi-Toilette fir déi illegal Wëll-Camper opstelle loossen.
"Well mer zwar net d'accord sinn, datt se et maachen, mee mer awer och net wëllen, datt d'Leit einfach do alles an de Bësch geheien oder sech entsuergen do an de Bësch"
Wéi laang dës Iwwergangsléisung bestoe bleiwe soll a wéini dëse Problem um Kockelscheier Parking geléist kéint ginn, ass de Moment awer nach net kloer.