Eng drëtte Kéier huet d'Assemblée Nationale dem Gesetzestext iwwer d'Stierfhëllef gréng Luucht ginn. Dësen Text, deen 2024 eng éischte Kéier an der Assemblée debattéiert gouf, éier Neiwalen de weidere Verlaf gestoppt haten, huet eng parlamentaresch Odyssee hanner sech.
Am Februar gouf den Text zwar vun der Assemblée gestëmmt, awer vum Senat rejetéiert. Esou wäert et wuel och dës Kéier passéieren.
Definitive Vott Mëtt Juli
D'Assemblée wäert dann awer de 15. Juli dat lescht Wuert hunn an d'Gesetz definitiv votéieren.
D'Regierungsparteien an d'Gauche ënnerstëtzen d'Stierfhëllef. Bei der Droite an dem rietsextreemen RN kritiséiert een iwwerdeems, datt d'Gesetz ze labber wier a kee Schutz fir d'Patienten a Patientinne géif bidden.
Esouguer de fréiere Premier François Bayrou hat sech gëschter géint d'Gesetz ausgeschwat a gesot, an alle Länner, an deenen d'Stierfhëllef erlaabt wier, wieren d'Krittäre fir dës ëmmer weider gelackert ginn.
D'Gauche schwätzt vun enger historescher Victoire fir d'Fräiheet, och wann ee vill Kompromësser huet missen agoen, wéi d'Ekologistin Sandrine Rousseau gëschter op LCP erkläert hat.
Ännerungen a leschter Minutt
Nach de Weekend war zum Beispill de Passage gestrach ginn, dee Strofe virgesäit, wann Dokteren an Doktesche betraffe Persoune vun der Stierfhëllef ofhalen. Dës Mesure gouf awer op Drock vun der Droite gestrach.
Fir d'Stierfhëllef a Frankräich ze kréien, muss ee volljäreg sinn, Franséisch sinn oder a Frankräich wunnen, un enger onheelbarer Krankheet am finale Stadium leiden, déi net méi kann therapéiert ginn, a selbststänneg a bei klorem Verstand de Wonsch no der Stierfhëllef äusseren.