Frankräich

Wat huet et mat de pinke franséischen Autosplacken op sech?

Et gesäit ee se zënter e puer Méint ëmmer méi dacks op eise Stroossen: Autoe mat enger pinker franséischer Plack. Zënter dësem Joer huet Frankräich déi agefouert. Mee wat huet et mat deenen Nummereschëlder op sech? A firwat grad an esou enger opfälleger Faarf?

auto_stories

1 min

© Adobe Stock / Igor
(Foto: Adobe Stock / Igor)

Déi pink franséisch Autosplacke sinn um Enn vum Dag näischt anescht wéi Placke fir Autoen, déi eng virleefeg Umeldung hunn.

Bannent 4 Méint huet de Besëtzer vum Auto Zäit fir all d'Pabeieren an d'Rei ze maachen, ier d'Gefier ka vollstänneg zougelooss ginn. A Frankräich solle bis zu 400.000 Autoen d'Joer mat enger virleefeger Plack ronderëmfueren.

Firwat déi opfälleg Faarf?

Bis ewell haten déi Autoen einfach en Nummereschëld, dat mat "WW" ugefaangen huet. Dat ass och weiderhin esou, allerdéngs kënnt elo nach déi pink Faarf dobäi. 

Déi opfälleg Faarf soll dofir suergen, datt Gefierer, déi just virleefeg ugemellt sinn, méi séier bei enger Kontroll kënnen erkannt ginn. Dat war bis ewell net esou einfach, well virleefeg Placke bis op d'Ufanksbuschtawen identesch mat engem "normaler" Nummereschëld waren.

Departement op der Plack fält ewech

Wat iwwerdeems dobäi kënnt ass den Oflafdatum vun der virleefeger Zouloossung.

Wou bei übleche franséische Placken d'Nummer fir d'Departement steet, fënnt ee bei der pinker Variant de Mount an d'Joer, wou d'Zouloossung ausleeft. Dat soll dann och bei Kontrolle vun automatiséierte Kamerasysteemer hëllefen.