Fir de Michel Reckinger ass a war d’Logik kloer: Geet et de Betriber gutt, da geet et och de Salariéë gutt. An zu engem Betrib gehéiere souwuel d’Patronen, wéi och d’Salariéeën. Déi Linn géing hien och a sengem Familljebetrib féieren.
Frustréiert iwwer d'Roll vum "Vertrieder vun de Räichen"
Der UEL laascht den Image un, ëmmer just déi Räich wëllen ze vertrieden. Eppes, wat de Michel Reckinger schued fënnt.
Et wier wuel den Interêt vun der UEL, datt et der Wirtschaft gutt geet, erkläert hien. Mee dat hätt domat ze dinn, datt eng gutt Ekonomie zu gesonde Betriber féiert, an dovunner och d’Salariéë profitéieren.
Ob hien awer lo och der Meenung ass, datt déi richteg deck Gehälter oder d’Kapital nach extra besteiert solle ginn, wollt hien net direkt äntwerten. Hie wéilt net op esou Detailer agoen, mee “das grosse Ganze” kucken.
“Mir wëllen eppes am Land veränneren a mir mussen dat zesumme maachen. Dat “zesummen” hu mir an de leschte Joren ni fäerdegkritt, well déi partikular Intresse vun den Eenzelne priméiert hunn iwwer d’Intressen à long term.”
De Michel Reckinger weist sech frustréiert iwwer déi Roll vum Vertrieder vun de räichen, déi d’UEL ëmmer an d’Schung gestach kritt. Do géing och d’Press hiren Deel dozou bäidroen.
Et feelt u Kompromëssbereetschaft, fënnt de Michel Reckinger
Am Géigendeel dozou stinn natierlech d’Gewerkschaften, déi d’Intresse vun der schaffender Bevëlkerung vertrieden.
Datt déi Fuerderunge besser bei de Leit ukéime wier normal, seet de Michel Reckinger. Dat war och ni anescht.
An awer ass de Gruef tëschent Patronat a Gewerkschaften an de leschte Jore méi wäit ausernee gaang.
De Michel Reckinger féiert dat op e Manktem u Kompromëssbereetschaft zeréck. Gläichzäiteg géingen d’Gewerkschaften ëmmer just kuerzfristeg denken, an d’Regierung a Wal-Zyklen.
“Dann ass et immens schwéier eng Vue à long term ze hu fir ze soen: ‘Ok, wat musse mir elo maache fir datt an 10 Joer d’Keesen nach net eidel sinn’, ob lo bei de Pensiounen oder och der CNS.”
Do fënnt den Nach-UEL-President, datt sech déi aner Partner um Dësch “e Ruck” misste gi fir Léisungen ze sichen.
Esou géingen d’Leit an Extreemer gedréckt ginn, wann ee keng Kompromësser méi fënnt. Däitschland wier just ee Beispill, esou de Michel Reckinger.
Lëtzebuerger Sozialmodell stéisst och dacks op seng Limitten
Reforme géint de Wëlle vun de Leit duerchzezéien ass bekanntlech schwéier. Dofir misst een d’Reformen an hir Néidegkeet erklären, betount de Michel Reckinger.
Ee Beispill, wou dat awer scheinbar net duergeet, ass de Pensioundossier. Dat wier awer kee Grond fir opzeginn.
“Wat ass d’Resultat? An d’Mauer ze knuppen? Ass et net méi gescheit haut Léisungen ze sichen a mat klenge Steppen dohin ze kommen, wéi elo d’Aen zouzemaachen an iergendwéi an d’Mauer ze rennen.”
De Michel Reckinger äussert sech am Interview och kritesch géigeniwwer vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Dee géing funktionéiere wann et e Sujet ass, wou de Staat de Portmonni einfach méi wäit oprappe kann.
An de Sozialronne géing een awer och dacks op Limitte stousse wann et zum Beispill ëm d’Pensioune geet, an de Staat net méi einfach méi Sue kann ausginn.
Gewerkschaften hunn hire "Motzeck" verlooss
An de leschte Méint huet sech d’Relatioun tëschent dem Patronat an de Gewerkschaften nees normaliséiert.
“D’Gewerkschaften hunn och gemierkt, datt och do den Appui fir einfach weider an hirem Motzeck ze setzen net méi onbedéngt dobaussen do war. Et ass jo alles gemaach ginn, wat si wollten.”
Mat der OGBL-Presidentin Nora Back an dem LCGB-President Patrick Dury hätt hien eng professionell Relatioun, méi awer och net.
Weiderhin an der zweeter Rei aktiv bleiwen
Dem Michel Reckinger säin Nofollger ass de Marc Lauer, deen och schonn an Interviewen d’UEL vertrueden huet. Eng éischter ongewéinlech Mesure. Dat wier awer esou geplangt gewiescht, ënnersträicht de Michel Reckinger.
Als Président désigné wier hien op d’Tripartite an a Reunioune matgaang fir ze léieren, an elo kéint hien ouni Problem op deene Sujete weiderschaffen, esou d’Erklärung vum Michel Reckinger.
Hie selwer wäert an der Handwierkerfederatioun aktiv bleiwen. Déi éischt Rei hätt hien zwar elo verlooss, mee dofir wéilt hie sech elo an der zweeter Rei mat abréngen, esou nach de Michel Reckinger.