Vermëschung vu Berufflechem a Privatem? Trump-Visitt an Irland gëtt kritiséiert
Den US-President Donald Trump ass haut a muer op Visitt an Irland. Zu Dublin trëfft hie sech mam Premierminister Micheál Martin an der Presidentin Catherine Connolly. Ënner anerem soll et ëm de Krich géint den Iran, amerikanesch Douanestaxen op europäesch Pharma-Produiten an ëm Migratioun goen.
Duerno reest den Trump weider op Doonbeg, wou d‘Irish Open gespillt ginn.
D'Visitt suergt dowéinst och fir Kritik, well dem Trump virgehäit gëtt, säi Presidentenamt mat de geschäftlechen Interesse vu senger Famill ze vermëschen.
Fir d'Sécherheet si ronn 4.000 Polizisten an aner Sécherheetsleit mobiliséiert ginn. Zu Dublin sinn och Protester géint den US-President geplangt.