UN-Mënscherechtskommissariat: Israeelesch Attacke kéinten "ethnescher Säuberung" sinn
Den Haut-Commissariat fir Mënscherechter vun der UNO fäert, datt an der Gazasträif an am Westjordanland eng ethnesch Säuberung leeft. Israel géif d‘Attacken intensivéieren, methodesch ganz Quartieren zerstéieren, humanitär Hëllef verhënneren a forcéiert Emsidlunge virundreiwen.
(Foto: EPA/MOHAMMED SABER)
Dat géif no enger ethnescher Säuberung ausgesinn, esou de Mënscherechtskommissariat vun der UNO a sengem neie Rapport.
Israel géif och bewosst dofir suergen, datt d'Palestinenser ënner ganz schwéiere Konditioune misste liewen an Honger misste leiden.