De Conseil huet de Moien unanime den Dr. Arno Bache als säin Nofollger bestëmmt. Dat huet d’Vizepresidentin Catherine Phillips eis de Moie confirméiert. Hannergrond vum André Dübbers sengem Récktrëtt sinn Informatioune vum 100,7 no gréisser Divergenzen am Conseil betreffend den Ëmgank mat engem Virfall op personellem Niveau.
Iwwerraschende Wiessel
Den ongeplangte Wiessel kënnt kuerz no de Feierlechkeeten zum 30. Gebuertsdag vun der Organisatioun, déi am Laf vun de Joren zu engem zentralen Acteur am Lëtzebuerger Sozialsecteur ginn ass.
D’Stëmm beschäftegt aktuell ronn 100 Mataarbechter a bedreift eng ganz Partie sozial Strukturen uechter d’Land. Dëst an der Stad, zu Esch, zu Suessem, zu Schëndels an zu Ettelbréck.
D'Stëmm vun der Strooss mécht de Récktrëtt offiziell
De Verwaltungsrot vun der ASBL „Stëmm vun der Strooss“ konfirméiert d‘100,7 Meldung, datt den André Dübbers no zwee Joer als President zréckgetrueden ass.
Iwwert d‘Grënn fir dem säi Récktrëtt schreift d‘Stëmm vun der Strooss an hirem Communiqué näischt.