D’Stëmm vun der Strooss feiert dëst Joer hiren 30. Gebuertsdag. Fir d’Geleeënheet organiséiert d’Associatioun e Summerfest zu Hollerech fir ronn 650 Invitéen.
Méi Leit, méi verschidde Profiller
An de leschten 30 Joer huet sech d’Bild vun de Leit, déi op Hëllef ugewise sinn, staark verännert. Der Alexandra Oxcacelay no ass d’Aarmut haut vill méi divers.
Dat klassescht Bild vum "Strummert“ mat enger Fläsch Alkohol wier net méi representativ. Ënner de Leit, déi bei d’Stëmm vun der Strooss kommen, wiere Jonker, Migranten, Grenzgänger a sougenannte Working Poor – also Leit, déi schaffen, mee trotzdeem net iwwer d’Ronne kommen.
"Aarmut ass wierklech net dat. Dat ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg.“
D’Zuel vun de Leit, déi d’Associatioun erreecht, ass an de leschte Jore geklommen. Haut huet d’Stëmm vun der Strooss siwen Haiser mat 91 Mataarbechter:innen. Iwwer d’Joer gi ronn 15.000 Clientë begleet an et goufe méi wéi 240.000 Moolzechten ausgedeelt.
Hëtzt: "Et brauch eng Opfangstruktur d’ganzt Joer"
D‘Stëmm vun der Strooss fuerdert nieft der Wanteraktioun dat ganz Joer iwwer eng Offer fir Leit, déi op der Strooss liewen. Zwar hätt een d‘Offer eropgeschrauft, mee et géif och däitlech méi Aarmut ginn an de leschte Joren. An d’Hëtzt kéint fir déi Concernéiert genee esou geféierlech si wéi d’Keelt, esou d‘Alexandra Oxacelay.
“Fir mech muss et eng Opfangstruktur ginn d'ganzt Joer. A wa mir all déi Associatiounen hunn, déi mir hunn, dann ass et net fir schéin ze maachen, mee dann ass et wierklech, well mir se brauchen. A mir kéinte jo och déi Ëffnungszäite vun deenen Associatiounen, déi mir hunn, ausbauen. Mir mussen net onbedéngt nei Saachen opmaachen.”
Méi kleng Strukturen am ganze Land néideg
Méi grouss Strukturen, wéi déi zu Hollerech zum Beispill, wieren an der Noperschaft méi negativ ugesinn. Dat géif och d’Alexandra Oxacelay verstoen, dowéinst misst op méi kleng Strukturen, duerch d’Land verdeelt, gesat ginn.
“An dofir ass et esou wichteg, datt kleng Strukturen opgemaach ginn an net alleguer op enger Plaz, mee verbreet am Land. Mee dat kascht natierlech méi deier, wéi eng grouss Struktur opzemaachen. Mee egal wéi, déi Leit sinn hei, mir mussen eis ëm si këmmeren, well wa mir si einfach op der Strooss loossen, da kaschte si d'Gesellschaft vill méi deier.”
D’Aarmut géif ëmmer weider an d’Luucht goen. Als Ursaachen nennt d’Alexandra Oxacelay ënner anerem d’Präisser vum Logement, d’Krichssituatioun op der Welt an déi grouss Schwieregkeet fir zu Lëtzebuerg finanziell iwwer d’Ronnen ze kommen.