Energie

Sozialiste fuerdere vu Regierung imminent sozial Mesuren wéinst den Energiepräisser

D‘LSAP fuerdert vun der Regierung Mesuren, fir de Leit mat den héijen Energiepräisser ënnert d‘Äerm ze gräifen. An engem Communiqué heescht et, datt sozial gerecht Mesurë misste kommen, an zwar elo.

auto_stories

1 min

An déi misste cibléiert kommen, esou d'Sozialisten. Et dierft net mat der Géisskan verdeelt ginn, fir datt déi Leit, déi et wierklech néideg hunn, notamment Leit mat klengem Akommes, kleng a mëttel Betriber an d‘Baueren a Wënzer, entlaascht ginn. Dofir fuerderen d‘Sozialisten e sozial gerechte Steierkredit, esou wéi nom russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain. 

LSAP fuerdert "Iwwergewënnsteier"

Doriwwer eraus fuerdert d‘LSAP eng "Iwwergewënnsteier" am Energiesecteur, fir ze verhënneren, datt "anerer" vun den héijen Energiepräisser profitéieren.

Länner, wéi Däitschland, Portugal, Spuenien, Italien an Éisträich hu schonn eng Demarche an déi Richtung bei der EU-Kommissioun ënnerholl. D‘LSAP fuerdert, datt d‘Lëtzebuerger Regierung sech deenen uschléisst.