Réischt virun enger Woch hat den RN matgedeelt, datt een am Fall vun enger Victoire bei der Presidentiellen d’nächst Joer e Referendum wäert organiséiere, fir de Voile an der Ëffentlechkeet ze verbidden.
"De Krunn zoudréinen"
En Donneschdeg koum schonn déi nächst Provokatioun dobäi. De Vize-President Louis Aliot sot mat Bléck op de franséische finanzielle Support vun der Ukrain, et misst een iergendwann de Krunn zoudréinen, et géingen aner Prioritéite ginn.
Eng Ausso, déi direkt fir vill Kritik an den anere politesche Lager gesuergt huet, an déi vun der Marine Le Pen verdeedegt gouf.
Um Samschdeg den Owend huet de Parteipresident Jordan Bardella probéiert d’Positioun vu senger Partei ze clarifiéieren: den RN hätt ëmmer schonn d’Ukrain ënnerstëtzt an d’russesch Invasioun verurteelt.
"Kee bedéngungslosen Engagement"
Wann den RN géing un d’Muecht kommen, da géing Frankräich sengem Engagement vis-à-vis vun der Ukrain trei bléiwen - allerdéngs net bedéngungslos.
De Bardella sot, et misst een ophalen de Krich endlos ze finanzéieren an domadder um Lafen ze halen. Och bräicht et d’Garantië säitens der Ukrain, sot hien op BFMTV.
"Schrottpatrioten"
Den RN hat d’EU-Finanzsprëtz an Héicht vun 90 Milliarden Euro fir d’Ukrain am Februar am EU-Parlament opposéiert.
Deemools wéi haut ass d’Kritik grouss.
Gëschter sot den Ex-Premier Gabriel Attal, den RN wéilt d’Ukrain Russland iwwerloossen, de Sozialist Raphaël Glucksmann huet den RN als “Schrottpatriote” bezeechent. D’Ekologistin Marine Tondelier sot, den RN wier d’trojanescht Päerd fir déi, déi Europa zerstéiere wëllen.